
Aktuell, limitéiert dat aktuell Gesetz Participatioun vun der Lëtzebuerger Arméi op Friddensmissiounen am Kader vun den internationalen Organisatiounen, wéi der Nato oder der Uno. D'Regierung wëll dat awer elo änneren a mat Hëllef vum Gesetzesprojet 7325 d'Arméi bei all méiglechen Zorte vu Militärinterventiounen asetzen, esou déi Lenk.
An der Chamberkommissioun vun der bannenzeger Sécherheet gëtt en Donneschdeg de Mëtten iwwert dëse Gesetzesprojet diskutéiert. Mat där Reform kéint d'Regierung d'Arméi op Krisemissioune schécken am Kader vu bilaterale Kooperatiounen. E Mandat vun der Uno oder aneren Institutioune géif deemno net méi gebraucht ginn. Esou kéint Lëtzebuerg mat engem anere Land iergendwou op der Welt militäresch intervenéiere wann et Unzeeche vun Instabilitéiten oder Riske géif ginn, erkläert den Deputéierte vun déi Lenk, Marc Baum. Et hätt een elo alles opgemaach fir d'Arméi egal wou kënnen anzesetzen, dat zesummen mat 1-2 Partner. Déi Mechanismen, déi dës Asätz sollen demokratesch observéieren a kontrolléieren, géifen dogéint miniméiert ginn.
Mat deem Gesetzesprojet géif d'Regierung e geféierleche Wiessel a senger Aussepolitik maachen, betounen déi Lenk. Dëse Paradigmewiessel wier ëmsou méi problematesch, well den internationale Kontext onstabil wier an duerch eng staark Militariséierung markéiert wier, esou nach déi Lenk.