
Am Fleegesecteur sinn hei am Land aktuell honnerte vu Plaze fräi, déi net besat kënne ginn. Am Kader vum Jobdag huet de Maurice Fick vum RTL Infos mat de Patrone geschwat.
D’Leit ginn ëmmer méi al, sinn awer och op Hëllef ugewisen. A grad do kommen d’Entreprisen aus dem Fleegesecteur an d’Spill. Si sinn do, fir déi eeler Leit respektiv anerer, déi op Hëllef ugewise sinn, ze fleegen, am Alldag ze begleeden an hinne fir verschidden Tâchen zur Säit ze stoen. Si sollen de betraffene Persounen eng gewëssen Autonomie an hirem Alldag verschafen. An d’Demande geet hei ëmmer méi erop. E Beispill vu villen: D’ALA, d’Alzheimer Associatioun, déi 2019 nach 280 Mataarbechter hat an haut 410 Persoune bei sech ugestallt huet. Do ass een nach net fäerdeg. “Aktuell siche mer eng 40 Leit op Vollzäit oder am Temps partiel”, seet den Tom Petit, zoustänneg fir d’Ressources Humaines. Infirmieren an Aide-soignantë sinn aktuell esou gefrot, wéi nach ni.
“Et ginn ëmmer méi eeler Leit, ëm déi mer eis këmmere mussen. An et ginn ëmmer manner Leit, déi dofir ausgebilt sinn”, ass de Constat vun der Stëftung Hëllef Doheem. Fir déi gréisst Entreprise, déi Fleeg doheem hei am Land ubitt, schaffe ronn 2.000 Leit a gesicht ginn nach eng Kéier 60 neier. 90 Prozent vun de Plazen, déi op sinn, si fir Infirmieren oder Aide-soignanten.
A wéi der ALA an Hëllef Doheem schéngt et och aneren Entreprisen aus dësem Secteur ze goen. Well si waren net déi eenzeg Stänn aus dem Secteur, déi um Jobdag vum Februar 2025 vertruede waren. Och de Vertrieder vun der Zitha-Klinik huet e ganz änleche Constat gezunn. Et géif ëmmer méi schwéier ginn, “Kandidaten ze fannen, déi den néidegen Diplom hunn an déi gefrote Sproochen, also Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, beherrschen”. Dacks hätten d’Kandidaten dat eent, awer net dat anert. Dat ass haaptsächlech bei de Frontalieren de Fall.
Engem neie Gesetz no awer hätten déi Mataarbechter, déi mat eelere Leit am Alldag ze dinn hunn, elo nach just zwee Joer Zäit, fir den Niveau B1 am Lëtzebuergeschen z’erreechen. D’Patrone bidden dofir Coursen an den eegene Reien un oder gi finanziell Hëllef, wann hir Mataarbechter esou Coursë besichen.
Ma d’Sprooch ass net déi eenzeg Problematik, déi een am Secteur huet. An deem ass ee sech och bewosst. “Vill Jonker wëllen de Beruff guer net méi maachen”, seet d’Delphine Lemelle vun Hëllef Doheem. Ënner anerem d’Aarbechtszäiten, déi staark variéiere kënnen, well d’Servicer 24 op 24 Stonne musse lafen, si fir vill Jonker oninteressant.
Och mat der neier Campagne vum Gesondheetsministère, fir de Beruff méi attraktiv ze maachen, gesäit een am Secteur däischter Wolleken um Horizont. Déi aktuell Situatioun kéint sech esouguer nach verschlechteren, mengt de Marc Muller vun der Adem, well an den nächste Joren nach ganz vill Leit aus dem Secteur wäerten an d’Pensioun goen. Engem Rapport vun 2019 no wieren et iwwer 4.000 Leit (2.621 Infirmieren an 1.440 Aide-soiganten), déi tëscht 2019 an 2034 an de Pensiounsalter kommen. Et ass also net verwonnerlech, datt een dovun ausgeet, datt ee schonn an den nächste 5 Joer op d’mannst 900 nei Leit wäert brauchen.