Gutt dräi Méint sinn zanter dem Ausbroch vum Krich an der Ukrain vergaangen. 5.000 Flüchtlinge sinn zanterhier offiziell zu Lëtzebuerg ukomm a vill hu schonn eng Gaascht-Famill fonnt. Elo weist sech: ëmmer méi Gaascht-Famille stoussen un hir Grenzen. Dat spieren och d‘Caritas an d‘Croix Rouge, déi eng 500 Flüchtlinge bei private Persounen accueilléiert hunn. Ma decouragéiere wëll een awer net.
Wärend den éischte Wochen nom Ausbroch vum Krich sinn eng 1.500 Offere komm, fir Ukrainerinnen an Ukrainer bei sech privat opzehuelen. Haut gëtt ëmmer méi dacks no Hëllef wéinst Problemer ënnert dem eegenen Daach gesicht.
De Marc JOSSE, Responsabel vum Integratiounszenter LISKO Croix-Rouge: „Den Accueil bei de Famillen dauert méi laang a wat e méi laang dauert, wat méi Famillen eis fir Ënnerstëtzung kontaktéieren, well et zu Situatioune kënnt, wou een net laanschtenee kënnt. Dacks ass et d’Demande no engem Professionellen, fir d‘Kommunikatioun ze verbessere mat der Communautéit doheem.“
Den Opwand, d‘Obligatiounen an d‘Komplexitéit, déi eng privat Ënnerbréngung vun enger anerer Kultur mat sech bréngen, wieren deelweis ënnerschat ginn, heescht et bei der Croix-Rouge.
„Et sinn d‘Momenter wärend dem Iessen, déi heiansdo méi problematesch sinn. Respektiv och d‘Zesummeliewe mat Hausdéieren. Mee d‘Famillen, déi ukommen, hunn dacks de Besoin no Rou a Stabilitéit. Si wëllen dacks guer net aktiv um soziale Liewen dobaussen oder mat enger anerer Famill participéieren.“
Nieft dem „Hôte“ ass et awer och den auslänneschen Demandeur, dee gären emol e Schlussstréch ënnert der Erfarung am gemeinsame Wunnraum zitt.
De Marc CROCHET, Generaldirekter Caritas: „Dat sinn dann heiansdo awer och Leit, déi soen: ech si mat dëser Famill net eens ginn – ech sinn awer mam Modell ganz zefridden an ech sichen eng aner Famill, fir wunnen ze goen. Sou Transferten hu mer elo eng Rëtsch. Mee Ofbréch hu mer der den Ament och zimmlech vill. Souwuel Leit, déi soen: ‘Dat gëtt näischt.’ ‘Ech wosst net, datt et déi Foyere gëtt an ech hunn elo Landsleit begéint.’
Ganz iwwerraschend kënnt dës Erkenntnis net, esou de Generaldirekter vun der Caritas. Ronn d‘Hallschent vun den ukrainesche Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg ukommen, géifen et preferéieren, a Foyeren ze liewen. Dofir wiere vill Lëtzebuerger, déi eng Offer fir ze hebergéiere gemaach hätten, nach net kontaktéiert ginn.
„Et ass net, well mir hinnen et net ugebueden hunn. Mee vill vun hinne si bei der Arrivée zu Lëtzebuerg an engem Foyer ukomm an hunn do Leit kennegeléiert, déi an der selwechter Situatioun sinn ewéi si. Vill vun de Flüchtlinge wëllen no bei den Informatiounssourcen an de Landsleit bleiwen. Se wëlle kënnen hir Sprooch schwätzen, och wa se kee Luxus ronderëm sech hunn. D‘Zil wier et jo, och net zu Lëtzebuerg ze bleiwen, mee esoubal et nees geet heemzefueren.“
D‘Solidaritéit am Land bleift grouss. Vill Leit wëlle weider hëllefen. Déi aktuell Inflatioun an d‘Obligatioun, e Groussdeel vun de Wunnkäschte selwer ze droen, géif fir e weidere Konfrontatiouns-Risiko suergen, esou d‘Caritas. Si fuerdert eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat.