LäichentransportLëtzebuerger Gesetz vun 1913: Net un Zäit ugepasst a méi streng wéi am Ausland

Claudia Kollwelter
Kevin Kayser
Fir eng Läich vun enger Gemeng an déi aner ze transportéieren, ass hei zu Lëtzebuerg schonn e klenge bürokrateschen Opwand.
Läichentransport: Lëtzebuerger Gesetz vun 1913
Fir eng Läich vun enger Gemeng an déi aner ze transportéieren, ass hei zu Lëtzebuerg schonn e klenge bürokrateschen Opwand.

"Et ass e Gesetz, wat net méi zäitgeméiss ass, a wat adaptéiert muss ginn!", seet de President vun der Federation des pompes funé bres Thierry Graul iwwert d'Gesetz vun 1913, dat de Läichentransport regléiert. Zanter 2012 versicht een e Changement vum Text ze negociéieren, bis ewell allerdéngs ouni Erfolleg, Claudia Kollwelter

Läichentransport / Reportage Claudia Kollwelter

An dobäi géingen eng ganz Partie Punkten, déi virun iwwer 100 Joer festgehale goufen, einfach kee Sënn méi erginn. Deemools war fir den Transport vu Läichen nach vu Päerd an Zich riets, wat et jo haut souwisou net méi gëtt betount den Thierry Graul:

Den Zuch hëlt haut kee Sarg méi mat. Mir schwätzen awer vu Fligere ganz oft. An déi sinn an deem Gesetz guer net festgehale ginn, wat jo 1913 normal war. Mir sinn an engem Kader, wou den Dokter huet misse bescheinegen, datt Pompes funébres seng Aarbecht richteg gemaach huet an datt keng ustiechend Krankheeten do wieren. Dat kann de Samus-Dokter haut meeschtens guer net feststellen. Deen huet guer net déi Méiglechkeeten, an och net de Labo hannendrun hänken.

En Dar am Aen ass fir d'Federatioun dee sougenannten Transportschäin, deen een ufroe muss, fir eng Läich vun enger Gemeng an eng aner ze transportéieren. En normale Stierffall am Dag ass net de Problem:

De Problem ass, wann et ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Gemeng geschitt. Zum Beispill, wann et hei zu Steesel e Stierffall gëtt an d'Persoun gëtt op engem Kierfecht an der Stad begruewen, dann dierfe mir d'Gemeng Steesel net verloossen. Als éischt musse mer d'Ofmeldung maachen, da kréie mer den Transportschäin an dann dierfe mer an d'Stad fueren. 

Wou d'Gesetz deemools geschriwwe gouf, stounge Mesuren am Virdergrond, déi een op Grond vun ustiechende Krankheete geholl huet. Haut ginn et déi allerdéngs kaum nach. Et ass een deemools dofir och anescht mat den doudege Kierperen ëmgaangen:

Déi Zäit ass mat Formaldehyd geschafft ginn. E Stoff, deen eist Drénkwaasser géing verseuchen. Dat heescht, mir géingen eis Kierfechter verseuchen. Deemools huet kee vun engem Crematoire geschwat. Wa mer dat haut esou géingen an den Crematoire ginn, hätt deen e risege Problem mat sengen Iewen.

An den Nopeschlänner géing et den Transport Schäin net méi an där Form ginn. Lëtzebuerg wier deemno méi strikt wéi Däitschland oder Frankräich. D'Federatioun hofft, datt nodeems se mam Transportminister, dem Syvicol a mam Parquet geschwat hunn, se och eng positiv Äntwert vum Gesondheetsministère kréien.

Méi iwwert d'Fuerderunge vun der Federatioun gesitt an héier der den Owend am Journal op der Télé

Back to Top
CIM LOGO