Kampf géint PandemieLëtzebuerger Gesondheetspersonal hëlleft a Portugal

RTL Lëtzebuerg
No Chrëschtdag ass d'Zuel vun de Neiinfektiounen mam Covid-19 a Portugal staark geklommen. Och elo nach ass d'Situatioun net ënner Kontroll.
Lëtzebuerger Gesondheetspersonal hëlleft a Portugal
No Chrëschtdag ass d'Zuel vun de Neiinfektiounen mam Covid-19 a Portugal staark geklommen. Och elo nach ass d'Situatioun net ënner Kontroll.

De portugisesche Gesondheetssystem geréit ëmmer méi u seng Grenzen. Elo kritt Portugal souguer Hëllef aus dem Ausland. De leschte Sonndeg sinn eng Infirmiere an eng Doktesch aus Lëtzebuerg a Portugal ukomm. An enger Klinik zu Evora solle si dem Gesondheetspersonal am Kampf géint d’Pandemie ënnert d'Äerm gräifen, erkläert d'Filomena Silva Costa, d'Infirmière zu Lëtzebuerg

"Ech sinn immens houfreg, et ass eng Éier aktiv deelzehuelen. Am Moment léieren ech, meä ech hunn Erfarung op der Intensivstatioun.” 

Ganzer 15 Deeg sollen Doktesch an d'Infirmiere aus Lëtzebuerg zu Evora bléiwen. Ma se géifen do net nëmmen aushëllefen, mä och profitéieren, fir en aneren Gesondheetssystem kennenzeléieren.

“Et wäert mech bestëmmt beräicheren, souwuel am Bezuch op d'Erfarung, wéi och berufflech, well ech wäert hei och léieren. Mir sinn enger Pandemie mat anere Praktiken a Protokoller, déi sech vum gewinnten ënnerscheeden.” 

Och wann et just 4 Hänn méi wieren, géif dat dem staark belaaschte Personal schonn immens hëllefen, seet de portugisesche Staatssekretär António Lacerda Sales.

"Mir wäerten alles maachen, fir déi natierlech Middegkeet vun eisem Gesondheetspersonal an de Grëff ze kréien. D'Integratioun vum Lëtzebuerger Gesondheetspersonal erlaabt et, eist Personal ze entlaaschten.” 

Dëse Weekend sollen dann zwou weider Persounen aus dem Lëtzebuerger Gesondheetssecteur a Portugal ukommen.

Back to Top
CIM LOGO