
De Rapport iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetsprofill 2025 huet den Europäesche Gesondheetsobservatoire an d’OECD zesumme mat der EU-Kommissioun an dem Lëtzebuerger Observatoire vun der Santé ausgeschafft . De System zu Lëtzebuerg ass allerdéngs deier fir de Staat. 2023 goufen 85 Prozent vun den Depensen an deem Kontext mat ëffentleche Gelder gedeckt. A wéineg anere Länner an der EU mussen d’Stéit esou wéineg bäisteieren.
D’Präventioun an d’Traitementer si besser ewéi den europäeschen Duerchschnëtt. Allerdéngs ginn hei am Land méi Patienten mat chronesche Krankheeten hospitaliséiert, ewéi néideg. D’Koordinatioun kéint besser sinn, mengen d’Rapporteuren. Véier Dokteren op 1.000 Awunner am Joer 2023: Dat ass e bësse manner ewéi d’Moyenne. Bei den Infirmièren gesäit et besser aus: eppes iwwer 14 op 1000 Awunner. Positiv ervirgestrach ginn d’Investissementer an eng digital Santé.
2024 louch d’Liewenserwaardung hei am Land bei 83,5 Joer. Bal zwee Joer méi, ewéi déi europäesch Moyenne. Vun 65 Joer un huelen d’physesch Aschränkungen awer och bei de Lëtzebuerger Residenten zou. D’Alterung vun der Populatioun gëtt och an dësem EU-Rapport ernimmt: Aktuell ass d’Proportioun vun eelere Leit iwwer 65 mat 15 Prozent déi niddregst an der EU. Se wäert sech bis 2050 awer verduebelen.
D’Risikofacteuren fir ze stierwen sinn nach ëmmer den Tubak, den Alkohol, ongesond Iessen an ze wéineg Beweegung. 2021 war een Doud op véier op en ongesonden Liewensstil zeréckzeféieren.