A FrankräichLëtzebuerger huet Heracles-Statu an de Vogesen geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Mann vu Lëtzebuerg huet wéi et ausgesäit virun e puer Wochen an de Vogesen eng deier Statu geklaut.

D’"Büst” aus Marber vum Heracles ass zënter bal 90 Joer vum Louvre un d’Therm vu Plombières-les-Bains ausgeléint an huet e Wäert vun 30.000€. D’Spuer vum Vol féiert bei eng Lëtzebuerger Camionnette. De presuméierten Déif soll vu Chantiersaarbechte profitéiert hunn, fir déi ëmmerhin 80 Kilo schwéier Figur eraus ze bréngen. Dat deelt déi zoustänneg Gendarmerie mat. Den Täter gouf deemno interpelléiert.

De Mann vun ëm déi 50 Joer huet sech bei sengem Schwoer a Frankräich opgehalen, wou déi entretemps beschiedegt Statu och verstoppt war. Donieft hat de presuméierten Täter nach aner Objete geklaut, dorënner 12 Still.

Back to Top
CIM LOGO