No Plainte vun europäeschem GeriichtshaffLëtzebuerger Justizministère ass am Gaangen nozebesseren

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Mount huet d'EU-Kommissioun Plainte géint Lëtzebuerg um europäesche Geriichtshaff gemaach.
© AFP

Dat well eng EU-Direktiv net korrekt, respektiv mat Zäiten, ëmgesat gouf. Et geet ëm d’Recht op en Affekot an ëm d’Recht, fir kënnen ze kommunizéieren, wann een als Mineur net op fräiem Fouss ass.

D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue verweist an där Saach op de Gesetzprojet 8326, deen den Informatiounsfloss vis-à-vis vun de legale Representantë vun de Mannerjärege soll verbesseren. De Projet wier um Instanzewee, den Avis vum Staatsrot wier virun enger décker Woch komm a lo géingen d’Amendementer ausgeschafft ginn.

Dat äntwert d’Ministesch dem LSAP-Deputéierten Dan Biancalana, dee via parlamentaresch Fro Detailer wollt wëssen.

Back to Top
CIM LOGO