Cicero Concours zu ArpinoLëtzebuerger packt et mat senge Latäin-Kenntnisser bis un d'Spëtzt

David Winter
Tëscht dem 9. an dem 12. Mee 2024 war fir déi 43. Kéier de Certamen Ciceronianum Arpinas, oder kuerz, de Cicero-Concours fir Schülerinnen a Schüler.
© youtube/Certamen Ciceronianum Arpinas

De prestigiéisen an traditionelle Concours, un deem déi beschte Latäin-Schüler aus der Welt matmaachen, war Mëtt Mee fir déi 43. Kéier zu Arpino an Italien, der Gebuertsstad vum Schrëftsteller a Philosoph Cicero.

Ënnert anerem huet och den 18 Joer jonke Lëtzebuerger Lukas Monteiro, Schüler op enger 2ième C am Stater Athenée matgemaach a konnt hei eng exzellent 11. Plaz mat enger “Mention honorable” eraushuelen, dat bei bal 250 Participanten.

Am RTL-Interview präziséiert de Lukas Monteiro, dass dëse Concours ganzer 3 Deeg dauert, woubäi den Exame selwer op engem eenzegen Dag iwwer 5 Stonnen ofleeft. Hei kritt een dann en Extrait vum Cicero, deen een a seng Landessprooch iwwersetze muss. Am Fall vum Lukas war dat op Franséisch.“Dat nennt sech “Version”. Dat ass eng Iwwersetzung vu Latein op eng aner Sprooch. A jo, mir hate fënnef Stonnen dofir. Mä déi si wierklech net duergaangen. Also, et kléngt laang, mee et brauch een déi Stonne wierklech.” Dobäi kënnt, dass och e perséinleche Kommentar iwwert den Text muss verfaasst ginn.”

Am Lycée ass et jo esou, dass ee vu 6ième un tëscht 3 Sprooche muss wielen. Traditionell sinn dat Englesch a Latäin, ma zënter Neistem och Chineesesch. Dass de Lukas sech schlussendlech fir Latäin entscheet huet, läit dorunner, dass hien Englesch scho konnt, vue dass hien aus Kanada kënnt an e puer Joer do gelieft huet. Fir eppes bäizeléieren, huet hie sech dunn awer fir Latäin entscheet.

© youtube/Certamen Ciceronianum Arpinas

E weidere Grond ass säi Beruffswonsch “Dokter”, fir deen d’Latäin-Kenntnisser natierlech enorm hëllefe géifen: “Den zweete Grond war, well ech och wëll Dokter ginn, méi spéit. An do gëtt gesot, dass dat hëlleft fir anatomesch Saachen ze léieren an allgemeng am Dokterstudium, am Medezinsstudium hëlleft dat, fir e bëssen d’Saache besser ze verstoen.”

Ufanks ass dem Lukas d’Sprooch dann och net sou schwéier gefall, ma nom 1. voir 2. Trimester ännert sech dat awer. Dann zitt d’Schwieregkeet an den Tempo un an et muss ee seriö dohannert bleiwen, fir net d’Schlappen ze verléieren.

“Et muss ee bedenken, ouni Vokabulär geet guer näischt. An et ass ganz, ganz vill Vokabulär ze léieren. Awer dat muss een, muss een da säi Rhythmus fannen a reegelméisseg widderhuelen, fir gutt ze bleiwen oder gutt ze ginn.”

Dass Latäin dann eng doudeg Sprooch ass, dovunner hält den Schüler aus dem Athenée wéineg, well hien der Sprooch praktesch all Dag begéint an dës him och hëlleft, aner Sproochen (wéi Franséisch, Spuenesch oder Italieenesch) oder komplizéiert Begrëffer an der Medezin besser ze verstoen. Och fir d’logescht Denken wier Latäin dem Lukas no extrem wichteg a misst dohier och méi schoulesch gefërdert ginn.

Certamen Ciceronianum Arpinas 2024

Back to Top
CIM LOGO