
D’Situatioun fir d’Mënschen an der Gazasträif ass prekär. Iwwert de Landwee kommen zanter Méint kaum Gidder eran. Ëmmer méi Natiounen hu rezent domadder ugefaangen, fir Päck mat Hëllefsgidder iwwer dem Katastrophegebitt ofzewerfen. De Weekend hunn d’USA hir éischt Hëllefsliwwerungen aus der Loft verdeelt. US-Transportfligeren hunn en Dënschdeg an engem gemeindamen Asaz mat Jordanien méi wéi 36.000 Moolzechten iwwert der Gazasträif ofgeworf. Och Frankräich an Ägypten sinn aus der Loft am Asaz.

Wéi de lëtzebuergesche Verdeedegungsministère iwwert déi sozial Medie matgedeelt huet, ass och eng belsch-lëtzebuergesch A400M-Unitéit an den nächsten Deeg iwwert der Gazasträif am Asaz. Vu Jordanien aus soll den A400M starten an dann Hëllefsgidder per Fallschierm un d’Leit verdeelen. E Lëtzebuerger Pilot vun der Lëtzebuerger Arméi wäert um Asaz bedeelegt sinn, dat nieft 40 Membere vun der belscher Arméi.
Den A400M ass e Méindeg vu Melsbroek aus a Jordanien gestart.