Wéinst aacht Strofdote gesichtLëtzebuerger Police liwwert gesichte Mazedonier un hir däitsch Kolleegen aus

RTL Lëtzebuerg
Géint de 45 Joer ale Mann gouf et en europäesche Mandat d'arrêt.

De Mann aus Mazedonien gouf vum Parquet vu Konstanz gesicht, datt wéinst aacht verschiddenen Tëschefäll. An dem wuel schwéiersten Tëschefall goung et ëm versicht Vergewaltegung a Kombinatioun mat Saachbeschiedegung, Kierperverletzung an Nostellen. An den anere siwen Tëschefäll geet et ënner anerem ëm Kierperverletzung a Menacen.

Am November 2022 hat de Mann ugefaangen, seng deemoleg Frëndin ze menacéieren an hir nozestellen. Am Dezember dunn hat hien d’Fra an d’Gesiicht geschloen a si nach mam Fouss gerannt, wéi si schonn um Buedem louch. Den 8. Januar 2023 dunn hat de Mann si nees geschloen a si och mat engem Kichemesser menacéiert, fir si esou zu sexuellen Handlungen ze zwéngen. D’Fra konnt dat awer evitéieren an huet Hëllef geruff.

De Mann gouf deen Dag och am Garer Quartier verhaft op Basis vum europäeschen Mandat d’arrêt vun der däitscher Police, sou de Parquet op Nofro.

Enn Januar 2023 krut de Mann dunn e Verbuet, sech an der direkter Ëmgéigend vun der Fra opzehalen, un dat hie sech awer net gehalen huet.

Déi däitsch Police huet de presuméierten Täter an de Prisong op Tréier bruecht. Hei sëtzt hien elo an Untersuchungshaft a waart op de Prozess.

Back to Top
CIM LOGO