
E Sonndeg den Owend war en Auto mat Lëtzebuerger Placken an e schwéiert Accident zu Tréier verwéckelt.
De Chauffer koum mat sengem Gefier vun der Strooss of an ass frontal an e Bam gerannt. D'Pompjeeën hu mussen den Dag an d'Diere vum Auto ewech schneiden, fir de Mann aus dem Auto eraus ze kréien.
De Chauffer ass schwéier blesséiert op Tréier an d'Klinik komm. Firwat et zu deem Accident koum, ass bis ewell net gewosst. D'Police enquêtéiert.