D’COP28 ass amgaang. Eng 70.000 Leit, esou vill ewéi nach ni virdrun, sinn zu Dubai op der Klimakonferenz present. Mat dobäi si geschwënn och zwee Schüler an eng Schülerin aus dem Stater Lycée Robert Schuman, mat hirer Coordinatrice. D’Monica Camposeo huet d’Schüler vum LRSL_Actionteam4future bei de leschte Virbereedunge getraff.
D’nächst Woch geet et fir de Julien, de Paul an d’Manon op d’Cop28. E Freideg op hirer leschter Sëtzung hu si der Direktioun presentéiert, wat um Programm steet.
D’Zil ass et, d’Stëmm vun deene Jonken op d’Klimakonferenz ze bréngen. D’Organisatioun Youth for Planet huet dofir zwou Delegatiounen op d’Bee gestallt, virun allem fir vun der COP28 ze beriichten. Deel dovunner sinn eben och d’Schüler aus dem Lycée Robert Schuman. Finanzéiert gi si vu Youth for Planet, huet d’Direktesch Michèle Remakel erkläert. Ma et géing een d’Ekipp awer och soss ënnerstëtzen. Zum Beispill fir d’Promotioun am Gebai ze maachen a fir dass och all déi aner Schüler vun der Aarbecht op der COP28 matkréien. Zu Dubai sinn d’Schüler nämlech wéi déi professionell Journalisten akkreditéiert, si streamen zum Deel live. D’Ekipp wëll éischter op der Plaz kucken, wéi eng Interviewe sech erginn. Ma e Gespréich mam neien Ëmweltminister ass awer scho fixéiert.
Dass et duerchaus och Kritik un enger COP gëtt, doriwwer si sech d’Schüler bewosst. D’Delegatioun gouf dowéinst kleng gehalen an d’Schüler aus dem Lycée sollen och vu Lëtzebuerg aus mat abezu ginn. Am Cours “Vie et Société” goufe Froen ausgeschafft. D’Julie vum LRSL_Actionteam4future geet net mat op Dubai mä bleift hei am Land, fir d’Koordinatioun ze garantéieren an dofir ze suergen, dass d’Schüler och eng Äntwert op all hir Froe kréien.
D’Ufro fir mat op d’COP28 ze goen, koum vun de Schüler selwer. Mat hirem “ActionTeam4Future” engagéiere si sech och nieft der COP fir méi Nohaltegkeet an hirer Schoul. A fir d’Thema allgemeng méi visibel ze maachen. Op d’Klimakonferenz goen, dat wier just e klengen Deel vum Ganzen.