Cum-Ex-AffärenLëtzebuerger Staat gouf wuel ëm 10 Milliounen "erliichtert"

Kevin Kayser
Europawäit huet d'Praxis vum Brit Sanjay Shah e Milliarde-Schuet verursaacht.

Wäit iwwert eng Milliard Euro europawäit a gutt 10 Milliounen hei zu Lëtzebuerg. Dat wier de Schued, deen de Brit Sanjay Shah iwwert verschidde Finanzbetriber an de sougenannte Cum-Ex-Affären enge sëlleche Steier-Autoritéiten zougefüügt hätt.

Dat schreift um Dënschdeg d’Noriichteplattform „Reporter“, déi eng gréisser Recherche iwwert dëse Skandal gemaach huet, deen och nach staatlech approuvéiert soll gewiescht sinn.

Cum-Ex (1) / Reportage Joël Detaille

Huele mer als Ausgangspositioun, dass en Investisseur A Aktie bei enger op der Bourse kotéierter Entreprise huet. Soe mer am Wäert vu 15 Milliounen Euro. Kuerz ier den A elo eng Dividend ausbezuelt kritt, kënnt den Investisseur B an d’Spill a keeft och Aktien vum Betrib fir 15 Milliounen.

E keeft se awer net vum Investisseur A of, mä vun engem Investisseur C, obwuel dëse guer keng besëtzt. Dat nennt een dann am Däitschen e „Leerverkauf“, op Franséisch eng „vente à découvert“.

Da kritt den A seng Dividend, déi ëm zousteet, soe mer eng hallef Millioun, wouvunner den A reell dann 375.000 Euro kritt, 25 Prozent si Quellesteier. Déi kann den A sech awer, deels oder komplett, zeréckfroe bei der Steierverwaltung. Dat fir ze verhënneren, dass Erträg zwee Mol géife besteiert ginn. Dat ass hei am Land och méiglech, wann e Betrib Aktien am Wäert vun iwwer 1,2 Milliounen iwwert op d‘mannst ee Joer hält...

Den A verkeeft dono seng Aktien un den Investisseur C. Deen huet déi néideg Sue jo vum B, an amplaz vu 15 Milliounen, bezilt den C just 14,5 Milliounen, well d’Aktien nom sougenannten „ex Dividende“ jo eng hallef Millioun manner wäert sinn.

Dono gëtt den C d’Aktien dem Investisseur B, an erfëllt domadder seng Verflichtung aus der „vente à decouvert“. Den C iwwerweist dem B zousätzlech eng Netto-Dividend vun 375.000€. Feelen der also 125.000. Dofir léisst de B sech vu senger Bank e Steier-Schäin ginn.

De B leet d’Aktien dann nees un den Investisseur A, also den initiale Besëtzer wieder. Also alles nees beim Alen, kéint ee mengen.

Ass et awer net, well de Staat op déi Manéier just eemol Steiere kasséiert huet, dofir awer zwee Investisseuren en Usproch hunn, sech Steieren zeréckzefroen, nämlech den A an de B.

Den Erléis aus dem zousätzleche Retour vum Steierbüro deelen déi 3 dann ënnert sech op.

Et ass also e komplizéiert Finanzkonstrukt, dat net ëmmer ganz legal schéngt. An dat huet dee Sanjay Shah deemno am grousse Style gemaach.

Cum-Ex (2) / Reportage Joël Detaille

An esou de Lëtzebuerger Staat der Plattform Reporter no ëm iwwer 10 Milliounen Euro erliichtert.

Et wier e ganzt Netzwierk u Bréifkëschte-Firme gewiescht, déi esou Aktien-Deals a Milliounenhéicht virgetäuscht hunn, an domadder Sue vun der Steierverwaltung rembourséiert krut, déi dem Shah, oder senge Firmen ni zougestanen hätten. Op Nofro hi krut Reporter d’Zomm vun 10 Milliounen, déi rembourséiert gi wieren, och confirméiert.

D’Lëtzebuerger Steierverwaltung soll d’Ex-Cum-Affären awer souguer autoriséiert hunn, via e spezielle Steier-Ruling, heescht et vum Shah sengem Porte-Parole, wat Reporter schrëftlech virläit. Aus dem Finanzministère gëtt et bis ewell dozou kee Statement.

Am ganzen 4 Gesellschaften, vun deenen et awer just nach eng gëtt, hat de Shah hei zu Lëtzebuerg gegrënnt, Bréifboîte-Firmen, iwwert déi déi dubiéis Geschäfter ofgewéckelt gi sinn.

A verschidde Fäll besteet de Verdacht op Blanchiment an eben op Steierbedruch. E Curateur, dee sech ëm d’Faillitte vun enger vun den 3 Firme bekëmmert, huet Reporter géintiwwer confirméiert, dass Irregularitéiten an de Bicher festgestallt goufen.

Wéi de Bedruch genee ofgelaf ass, ass bis ewell net bekannt. De Curateur sot Reporter géintiwwer och, dass vill Transaktioune just virgetäuscht gi wieren.

Enn Dezember zejoert huet d’Lëtzebuerger Justiz dann och Perquisitioune bei de Firmen duerchgefouert, déi a Verbindung mam Sanjay Shah stinn. Den Untersuchungsriichter enquêtéiert wéinst dem Verdacht op Steierbedruch. Déi Reporter-Nouvelle krute mer esou och vum Porte-Parole vun der Justiz confirméiert.

Niewent enge sëlleche Länner, leeft och an Dänemark eng juristesch Enquête. Do sollen ëmgerechent ronn 1,8 Milliarden Euro bannent 4 Joer iwwert Cum-Ex-Affären un de Shah gefloss sinn.

Back to Top
CIM LOGO