Universitéit GlasgowLëtzebuerger Virolog Alain Kohl a Corona-Fuerschung täteg

Petz Bartz
Zanter 20 Joer schafft den Alain Kohl als Prof an der Virologie op der renomméierter Universitéit vu Glasgow a Schottland.
Lëtzebuerger Virolog Alain Kohl a Corona-Fuerschung täteg
Zanter 20 Joer schafft den Alain Kohl als Prof an der Virologie op der renomméierter Universitéit vu Glasgow a Schottland.

Bis zu engem Vaccin misst een nach vill Gedold hunn, dat soen d’Wëssenschaftler weltwäit, déi den Ament ënner Zäitdrock stinn, fir an der Fuerschung een Auswee aus der Coronavirus-Kris ze sichen. An all Dag kommen nei Informatiounen aus allen Deeler vun der Welt dobäi, déi mussen ausgewäert ginn an déi de Fuerscher hiert Bild solle completéieren. De Petz Bartz huet mat engem Lëtzebuerger Virolog a Schottland iwwert de SARS-CoV-2 geschwat.

Zanter 20 Joer schafft den Alain Kohl als Prof an der Virologie op der renomméierter Universitéit vu Glasgow a Schottland, wou Grondlagefuerschung a klinesch Fuerschung bedriwwe ginn. Seng Spezialisatioun sinn d’Arboviren, wéi Zika, Dengué oder Chikungunya, déi duerch Moustiken oder Zecken iwwerdroe ginn, mä den Ament läit déi voll Opmierksamkeet natierlech och op deem neie Coronavirus SARS-CoV-2.

Nach kennt och d’Wëssenschaft d'Eegenschafte vum Virus net genee. D’Opreegung war grouss, wéi et virun e puer Deeg geheescht huet, a Südkorea wiere ronn 100 Patienten, vun deenen een ausgoung si wiere geheelt, op eemol erëm positiv getest gi sinn op de Coronavirus. Woren d’Testresulater falsch oder gëtt et keng Laangzäitimmunitéit? Oder kann de SARS-CoV-2 sech reaktivéieren, wéi zum Beispill den Herpesvirus? D’Wëssenschaft brauch nach méi Infoen, ier Schlëss kënne gezu ginn.

Weltwäit leeft d’Fuerschung no engem Vaccin, mä fir do zu engem Resultat ze kommen, musse Phasen duerchlaf ginn, wou Delaien drop stinn. Mat engem Serum, deen um Enn net effikass ass, wier kengem gehollef. September wier awer eng Grimmel ze vill optimistesch.

D’Politik sicht allerdéngs no der Spuer zréck an d’Normalitéit – am Intressi vun de Mënsche muss dee Wee awer verstänneg a mat vill Gedold ageschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO