No "Transformatiounsphas" vun engem Joer31 Militär-Leit aus Lëtzebuerg nees fir NATO-Missioun a Rumänien, dat bis Oktober

RTL Lëtzebuerg
D'Membere vum Militär wäerten d'Reconnaissance-Kapazitéite vun der multinationaler Kampftrupp stäerken.
© Maggipinto Jeff/Armée luxembourgeoise

No enger Transformatiounsphas vun engem Joer sinn d'lëtzebuergesch Zaldotinnen a Zaldoten nees a voller Stäerkt a Rumänien stationéiert. Si bedeelege sech un der NATO‑Missioun Forward Land Forces "Battle Group Romania (FLFBG)" a stäerken do d'Reconnaissance‑Fäegkeeten, souwéi d'Ofschreckung géint méiglech Menacen un der NATO‑Ostflank.

Op Nofro beim Defense-Ministère si mer gewuer ginn, dass den Detachement aus zwee Offizéier, sechs Ënneroffizéier, zwee Kapereel an 21 Zaldote besteet. Den Asaz dauert bis Ufank Oktober 2026.

D'Missioun steet ënner franséischem Kommando a geschitt zesumme mat Alliéierten aus der Belsch, Frankräich, Spuenien a Rumänien.

Am Mäerz dëst Joer gouf déi maximal Unzuel u Lëtzebuerger Militär, déi an d’Forward Land Forces a Rumänien deployéiert kënne ginn, per Règlement Grand-Ducal vun 30 op 40 erop eropgesat.

Back to Top
CIM LOGO