Am schlëmmsten de Bundesstaat New York, zu deem och d’Metropol New York City mat senge 5 Gemenge Bronx, Brooklyn, Manhattan, Queens a Staten Island zielt. Et ass déi Stad mat de meeschte Betraffenen a mat bis elo iwwer 4.000 Doudegen. Dat ass méi wéi d’Hallschent vun all de Leit, déi an de ganzen USA um Virus gestuerwe sinn. D’New Yorker erwaarden awer e Pic vun de Fäll d’nächst Woch.
3 Lëtzebuerger, déi zu Manhattan a Brooklyn liewen, hunn eis hir Impressiounen iwwermëttelt.
D’Ambiance an der Stad New York ass komplett verännert. Déi Stad, déi soss ni schléift, ass zur Geeschterstad ginn. Vill Leit, déi zu New York wunnen, hunn d’Stad verlooss a sech an hirem Weekendhaus oder engem gelounten Haus ausserhalb der Metropol niddergelooss. Déi Millioune Pendler kommen net méi bis an den Zentrum an Touriste si keng méi do. Zeréckbliwwe sinn déi Leit, déi net fortkommen oder Leit, déi an essentielle Beruffer schaffen.
De Georges Krombach wunnt zënter 2018 mat senger Famill zu Manhattan a schafft do fir eng Lëtzebuerger Firma.
"An de leschten Deeg ass hei zu New York de Port vun de Maske bal obligatoresch ginn, dat heescht, déi meescht Leit lafen elo och mëttlerweil mat enger Mask ronderëm. Vue datt hei och extrem vill Klinicke sinn an dësem Deel vun der Stad gesäit een och déi vill Camione virun de Klinicke stoen, wou d’Läichen dra leien, dat ass och e Bild, wat immens un ee geet."
D’Isabelle Steichen wunnt zënter 2012 mat hirem Mann zu Brooklyn. Si huet e vegane Food-Blog "The Plantiful" an d’lescht Joer eng Start-up am Liewensmëttelberäich gegrënnt.
"Ech mengen, dass déi nächst Wochen zu New York net einfach ginn an dass et méi schlëmm gëtt, éier et besser gëtt. Et wäerte bestëmmt ëmmer méi Leit sinn, déi krank sinn an déi mussen an d’Spidol goen a gehollef kréien. Mä op der anerer Säit gesinn ech och, wéi d’New Yorker all zesummenhalen a sech och all un d’Spillreegelen halen an den Eescht vun der Situatioun erkennen."
Den Alex Steinmetz schafft zënter 5 Joer zu New York am Investmentbanking. Hie wunnt mat senger Fra an hirer Duechter zu Brooklyn.
"Déi nächst Woche wäerte fir New York an och fir eis ganz schwéier ginn, well et gëtt sech erwaart, dass den Héichpunkt vun Infektiounen an ongeféier enger Woch vun elo ass. Dat heescht och leider, dass d’Zuel vun den Doudegen nach weider wäert eropgoen. Duerno brauch et natierlech nach eng Zäit, bis d’Situatioun sech stabiliséiert an duerno d’Zuel vun den Infektiounen erofgeet. Vun dohier denke mir och driwwer no, fir d’Stad fir e puer Wochen ze verloossen."
