
Aktuell läit een awer nach ënnert den 10 Prozent vu Jonken, déi d'Schoul ouni Ofschloss oder Zertifikat verloossen, déi d'EU als Zil vun der Strategie "Europe 2020" erausginn huet. Am Schouljoer 2019/2020 waren dëst 8,16 Prozent, respektiv 1.670 Schüler.
De Gros vun dëse Schüler, eng 90 Prozent, waren op d'mannst schonn zwee Mol an hirer Karriär duerchgefall. 60 Prozent vun alle Schulofbriecher vum leschte Joer ware Jongen. Et fält och op, datt 46 Prozent vun hinnen op enger 5e oder 4e waren, respektiv am éischte Joer vum DAP oder CCP. Dëst si jo déi Joren, wou d'Schüler mussen decidéieren, wéi hir schoulesch a berufflech Karriär weidergeet, respektiv dat Joer, wou se als éischt mat dësem Choix a Kontakt kommen. Dobäi maachen d'DAP-Klasse quasi ee Fënneftel aus a stinn domadder un der Spëtzt vun dësem Ranking. Mat ronn 20 Prozent gouf et eng Hausse bei de Schoulofbriecher op de Klasse 7e bis 5e, 2016/17 hunn hei nach just 17 Prozent ofgebrach.
Et ginn dräi Haaptkrittären, wisou d'Schüler mat der Schoul opgehalen hunn. Dëst wier, datt si kee Patron fir hiren Apprentissage fonnt hunn, datt hinnen déi ageschloe schoulesch Richtung awer näischt seet oder datt si aus gesondheetleche Problemer d'Schoul verlooss hunn.
Vum SNJ gouf fir dës Schüler ze ënnerstëtzen en neie Projet an d'Liewe geruff. Et wëll een de Schüler hëllefen, fir e besser Choix bei der Auswiel vun der Formatioun ze huelen, esou datt si en Diplom kënne maachen an eng besser Chance op eng Aarbechtsplaz hunn. Och gëtt beim SNJ probéiert, mat all Schüler, deen d'Schoul ofgebrach huet, Kontakt opzehuelen. Dëst ass hinnen dat leschte Schouljoer bei 1.323 Jonke gelongen, vun 1.670, déi mat der Schoul opgehalen hunn.