
Dowéinst sicht d'Police elo no de Chauffere vun enger schwaarzer Jeep Grand-Cherokee an engem orange Volvo XC60. Béid Automobiliste sinn nom Impakt op der Sortie Keel vun der Autobunn erofgefuer. An der Näerzenger Strooss krute sech da béid Gefierer liicht ze paken.
Leit, déi d'Aktioun gesinn hunn solle sech bei der Police vum Keeldall um 244-641000 oder per Mail op police.kayldall@police.etat.lu mellen.