Contactless PayementerLimitt vu 25 op 50 Euro gehuewen

RTL Lëtzebuerg
Dat gëllt bis op Weideres an de meeschte Geschäfter an dierf an den nächsten Deeg iwwerall de Fall sinn.

Dat sot d'Gesellschaft Six (& Worldline), déi d’Maschinne programméiert op eis Nofro.
Wéinst dem Coronavirus si sech Visa a Mastercard mat de Banken eens ginn, fir d’Limitt vu 25 op 50 Euro ze hiewen. De Maximum, deen den europäesche Reegelen no erlaabt ass.

No allen 150 Euro, déi ouni Code bezuelt goufen, muss een awer rëm eng Kéier de Code aginn. Donieft gëtt aus Sécherheetsgrënn och nach sporadesch an aleatoresch de Code heiansdo gefrot.

Vu Säite vun der Bankevereenegung ABBL gouf den Accord mat Visa a Mastercard begréisst.

Back to Top
CIM LOGO