Invité vun der Redaktioun (4. Juni)Liz Kremer-Rauchs

RTL Lëtzebuerg
Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war d'Liz Kremer-Rauchs, d'Directrice vun der "UP Foundation".
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Liz Kremer-Rauchs
Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war d'Liz Kremer-Rauchs, d'Directrice vun der "UP Foundation".

D'Bierger sollen a punkto Educatioun matgestalten. Dat ass d'Zil vun der neier UP Foundatioun.
Et misst een eng breet Debatt lancéieren, och déi Leit mat abannen, déi sech bis elo vläicht manner zum Thema ze Wuert gemellt hunn.

Virun allem soll hei net just iwwer déi schoulesch, mä och iwwer déi ausserschoulesch Bildung diskutéiert ginn, seet d'Directrice vun der Fondatioun Liz Kremer-Rauchs. Si war um Méindeg de Moien d'Invitée vun der Redaktioun.

Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war d'Liz Kremer-Rauchs, d'Directrice vun der "UP Foundation".

Da gëtt et e Laboratoire fir nei Iddien op den Dësch ze bréngen a se duerno ze promovéieren. Flott Initiative sollen och mat Präisser belount ginn.

Dat Ganzt gouf via dotation unique vum Educatiounsministère gegrënnt. D'Fondatioun funktionéiert total onofhängeg, betount d'Liz Kremer-Rauchs.

No e puer Joer soll Bilan gezu ginn a gekuckt gi wat eventuell transposabel ass.

All Informatioune gëtt et op upfoundation.lu.

Invité vun der Redaktioun: Liz Kremer-Rauchs

RTL-NEWS: Austausch a Fërderung ronderëm d’Thema Bildung: Initiativ UP-Foundation setzt sech aus 18 Acteuren zesummen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO