Invité vun der Redaktioun (4. Abrëll) - Guy EntringerLogement: Gemenge responsabiliséieren. Minister, SNHBM a Syvicol si sech eens

Sascha Georges
En Donneschdeg ass Logementsdag op RTL. Eisen Invité vun der Redaktioun war dowéinst den Direkter vun der "Société Nationale des Habitations à Bon Marché".
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Guy Entringer
En Donneschdeg ass Logementsdag op RTL. Eisen Invité vun der Redaktioun war dowéinst den Direkter vun der "Société Nationale des Habitations à Bon Marché".

De Staat iwwer d'SNHBM baut Sozialwunnengen. Mir si gutt ënnerwee, sot um Donneschdeg de Moien den Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché, de Guy Entringer. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi lescht Joren hätt een an der Moyenne 80 Logementer gebaut, zejoert 300 a fir dëst Joer wéilt ee probéieren 350 Wunnengen ze bauen. Déi Hausse wär spektakulär, sot den Direkter.

Och wann ee wéisst, datt dat net duergeet, fir d' Wunnengsproblematik an de Grëff ze kréien, mä et misst ee kucken, fir méi Terrainen ze hunn.

De Staat ass do a Konkurrenz mat de private Promoteuren, an d'Präisser wären héich, sou de Guy Entringer.

Eng Hausse vun der Grondsteier wär sécher eng Iwwerleeung wäert. Besonnesch fir Proprietären, déi 20-30 Terrainen hunn.
Eng progressiv Steier wär och eng Iddi. Dat sot den Invité vun der Redaktioun.

En Donneschdeg ass Logementsdag op RTL. Eisen Invité vun der Redaktioun war dowéinst den Direkter vun der "Société Nationale des Habitations à Bon Marché".

Nom Live-Interview huet den SNHBM-Direkter awer och  méi Responsabilitéit vun de Gemenge gefuerdert. An deem Kontext huet hien zwee Beispiller genannt:

Als positiivt: D’Gemeng Kielen, wou elo op 27 Ha 800 Wunnunitéiten kënnen realiséiert ginn.

Als negatiivt: Schëtter wou d’SNHBM op 10 Hektar wollt bauen. Dat huet d’Gemeng awer refuséiert. D’Bierger wéilten net méi wéi 70 bis 80 nei Awunner zejoert.

E Beispill: Schëtter

„Mir géife gären erëm eng Kéier eppes mat hinnen zesumme maachen. Mä zu Schëtter mussen eben d'Projeten am Moossstaf vu Schëtter sinn. Mir sinn eng kleng Gemeng, mir leien am Syrdall, ronderëm si lauter Naturschutzgebidder. Mir kënnen net explodéieren“, esou de Jean-Paul Jost, Buergermeeschter vu Schëtter.

Esou d'Reaktioun vum Schëtter Buergermeeschter op d'Aussoe vum Guy Entringer. Am Kader vum neie Bebauungsplang hätt een d'Awunner vun der Gemeng gefrot an déi hätten sech fir e moderate Wuesstem ausgeschwat, wou d'Infrastrukturen och nokéimen. Do wier e Projet vun der SNHBM mat Honnerte Wunnengen einfach ze grouss.

Den Ament leien d'Terraine vun der SNHBM och nach iwwerhaapt net am Bauperimeter: „Et muss een awer ganz präzis emol soen, déi 10 Hektar, déi leien net am Perimeter. Déi leien nieft dem Perimeter. Déi 10 Hektar sinn och net onbedenklech fir ze verbauen. Déi hunn e gewëssenen ökologesche Wäert a sinn deemno net virgesi fir an de Perimeter ze kommen."

D'Gemeng wéilt elo mol fir d'éischt Wunnenge bannent dem aktuelle Perimeter realiséieren. Dofir géif Si Haiser an Terraine kafen, ma dat wier éischter fir méi kleng Projeten, wéi zum Beispill al Bauerenhaiser, déi zu Wunnengen ëmgebaut ginn.

De Guy Entringer hat de Moien iwwerdeems de Plan d'occupation du sol, kuerz POS, als méiglech Solutioun ugeschwat. Domat kéint de Staat d'Gemeng quasi forcéieren op engem bestëmmten Terrain dierfen ze bauen. Eng Solutioun, déi d'Logementsministesch Sam Tanson, net komplett ausschléisst: „Diskussioun iwwert de Plan d'occupation du sol solle mer féieren. Stand haut gëtt en esou net genotzt. Bis elo ass dat geholl gi fir de Fluchhafen, fir Lycéeën, ëmmer mam Intérêt général am Hannergrond.“

Och d'Gewerkschaft vun de Gemenge kéint sech e POS am Kader vum Logement virstellen.

„POS ass sécherlech eng Diskussioun wäert. Mir wäerten déi och féieren. Dat setzt viraus, dass et eng Utilité publique gëtt. Mä da soen ech mir, Dir hutt eng Utilité publique fir Stroossen, fir Lycéeën. Dir hutt souguer Utilité publique fir Industriezonen. Wat ass eis do am wichtegsten? Doriwwer kéint ee jo roueg emol nach eng Diskussioun féieren“ esou den Emil Eicher, President vum Syvicol.

Dass de Staat esou e POS zu Schëtter géif duerchsetze kann de Jean-Paul Jost sech awer net virstellen.

E konkret Beispill vu Schëtter
Mir si gutt ënnerwee, sot um Donneschdeg de Moien den Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché, de Guy Entringer.

Natierlech spillt hei d'Gemengenautonomie, ma villäicht misst de Staat méi extrem Weeër goen. Zum Beispill mat engem POS, engem Plan d'Occupation du Sol, mat deem de Staat d'Gemeng praktesch kann zwéngen do ze bauen, sou nach den SNHBM-Direkter, Guy Entringer.

De Guy Entringer

Ministesch reagéiert: POS asetzen, dat am Dialog mat de Gemengen

Sam Tanson iwwer Logement / Reportage Nadine Gautier

En Donneschdeg de Moien huet d'Ministesch fir de Logement den Deputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun iwwert de Sujet Ried an Äntwert gestanen. No der Reunioun huet d'Sam Tanson gemengt, et sollt ee sech net op eng Gemeng aschéissen. Si selwer wier net ofgeneigt, fir de POS, den Plan d'Occupation du Sol, als Moyen fir méi Logementer ze bauen, anzesetzen. Dat awer am Dialog mat de Gemengen.

D'Diskussioun iwwert de POS solle mer féieren. Haut gëtt en net esou genotzt. En ass bis elo genotzt ginn, fir Lycéeën an de Fluchhafen ze bauen, fir den Interet général. Ier een ufänkt mat der Dampwalz ze fueren, soll ee mat de Gemenge schwätzen.

Nach virum Summer soll iwwert déi nei Ausriichtung vum Pacte Logement mat de Gemengen diskutéiert ginn, et misst de politesche Wëlle vun de Gemengen do sinn, fir eppes um Wunnengsbau ze änneren. D'Suerg vun de Gemengen, datt si net genuch Infrastrukturen zur Verfügung hätten, fir weider Leit opzehuelen, wéi zum Beispill Schoulen, do kéint de Staat eng Hand mat upaken. D'Gemengenautonomie géif op jidder Fall net a Fro gestallt ginn.

Bis elo ass et net fir d'Gemenge genotzt ginn, mä fir de Gemengen eng Responsabilitéit ofzehuelen. Et muss elo gekuckt ginn, ob een dat och hei bei de Logementer ka maachen.

Syvicol:

Mam POS kéint de Staat d'Gemeng praktesch zwéngen, ze bauen. Och de Syvicol schwätzt sech net géint de POS aus. Et wier eng Diskussioun wäert, esou den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat, an och hien ass der Meenung, datt dat mat de Gemengen zesummen ausdiskutéiert muss ginn, och well d’Gemenge Folgekäschte beim Logement droe missten.

D'Gemeng ass an totaler Autonomie, fir hire PAG ze stëmmen an de POS misst am Kader vun deenen Decisioune mam zoustännege Ministère gekuckt ginn. Et mécht, och fir de Staat, nëmme Sënn, wann een zesumme schafft an zesummen e Konzept ausschafft. Wann et dann ëm d'Ëmsetze geet, kënnt een an d'Phase vum POS an dat ass op alle Fall eng Diskussioun wäert, seet den Emile Eicher.

A Propos Prozeduren. Wat d’PAG-Prozeduren ugeet, esou wier d’Halschent vun de Gemengen nach net mat hirem éischte Vott erduerch, fir den neie PAG ze stëmmen. 15 géife wahrscheinlech op der Streck bleiwen, déi Gemenge géifen eng Sanktioun riskéieren.  

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Logementsdag op RTL

Back to Top
CIM LOGO