Rehabilitatioun vum Daniel Miltgen?Logementsministesch Sam Tanson huet net wëlles ze reagéieren

RTL Lëtzebuerg
Den CSV-Deputéierte Marc Lies wollt an enger parlamentarescher Fro wëssen, ob et eng Rehabilitatioun vum fréiere President vum Fonds du logement géing ginn

Déi fréier Wunnengsbauministesch Maggy Nagel hat den Daniel Miltgen 2015 ofgesat. Hannergrond war e méiglechen Interessekonflikt, respektiv "trafic d'influence", esou d'Reprochen déi am Raum stoungen.

De Marc Lies verweist op en non-lieu, dee rezent viru Geriicht gesprach gouf.

Déi nei Logementsministesch Sam Tanson äntwert mat engem eenzege Saz a schreift, datt si net wëlles hätt, fir an dëser Saach ze reagéieren.

Äntwert op parlamentaresch Fro

Réponse de Madame la Ministre du Logement à la question parlementaire n°164 du 9 janvier 2019, posée par l’Honorable Député Marc LIES concernant une réhabilitation de l’ancien président du Fonds du logement.

"An deser Saach wollt ech den honorabelen Députéierte informéieren, dass ech net vir hun ze réagéieren."

PDF: Parlamentaresch Fro vum Marc Lies mat der Äntwert vum Sam Tanson

Back to Top
CIM LOGO