
D'Logementspräisser klammen ëmmer weider. Op ee Joer gekuckt, sinn am zweeten Trimester vun dësem Joer par Rapport zu der selwechter Zäit dat Joer virdrunner d'Präisser ëm 11,5 Prozent, fir nei gebauten Appartementer an d'Luucht gaangen.
Bei den Appartementer, déi scho stoungen, ass et eng Hausse vun 10,7 Prozent. Bei den Haiser ass et ee Plus vun 11,8 Prozent. Dat schreift de Statec an den Observatoire de l'habitat.
Leit hätte fir een Appartement, wat scho steet, 5.700 Euro de Meter Carré ausginn. Fir een Appartement an der Konstruktioun waren et iwwert 6.600 Euro pro Quadratmeter.
En Haus, huet an der Moyenne 742.000 Euro kascht.
Am deierste bleift et ëm d'Stad, do sinn d'Präisser esou héich, wéi soss néierens am Land. Mat iwwert 7.000 Euro de Meter Carré fir ee scho gebautent Appartement, a mat iwwert 8.000 Euro fir eent, wat grad gebaut gëtt.
An och déi, déi Loyer bezuelen, mussen déif an d'Täsch gräifen. An der Moyenne louch de Loyer d'lescht Joer bei 1.611 Euro.