Plainte géint 3 AssociatiounenLogo vu Ministère gouf onrechtméisseg an Annonce agesat

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung huet de 9. Dezember Plainte gemaach géint d'Associatioune "Greenpeace Lëtzebuerg", "Mouvement écologique" an "natur&ëmwelt".
© Screenshot vun Annonce

Hannergrond ass eng Annonce vum 1. Dezember an der geschriwwener Press.

Déi 3 Associatiounen haten do eng Entête gebraucht, wou den offizielle Logo vun de Ministère, vill méi vum Landwirtschaftsministère, reproduzéiert gouf a wou den Intitulé geännert war.

Dat äntwert de Premier Xavier Bettel dem DP-Deputéierte Gusty Graas op eng parlamentaresch Fro.

Et hätt een dat gemaach fir iwwerhaapt vun de politeschen Acteure wouer geholl ze ginn, esou reagéieren d’Associatiounen an engem Communiqué um Dënschdeg. Dofir hätt en op kreativ Mëttelen zeréck gegraff.

Et wier och kloer ze erkenne gewiescht, datt et sech ëm eng Annonce vun den 3 Associatiounen handelt.

Et wier op alle Fall ze hoffen, datt déi politesch Acteure mat der selwechter Konsequenz wéi se lo juristesch virginn, sech dem Inhalt géinge widmen.

Greenpeace, de Mouveco an natur&ëmwelt hunn och eng Entrevue beim Premier Xavier Bettel ugefrot.

De Landwirtschaftsministère denoncéiert d’Kommunikatiounsmethode vu mouvement écologique, natur & ëmwelt a Greenpeace

PDF: Gemeinsam Reaktioun vu Greenpeace, Mouvement Ecologique an natur&ëmwelt

Back to Top
CIM LOGO