Domat hätt wuel kee gerechent. Net nëmmen ass de Rekord vun 1,67 Milliounen Euro vum leschte Joer geknackt ginn, mä och d’Zwou-Millioune-Grenz gouf iwwerschratt. E ganze Koup Suen, déi der Kriibsfuerschung ze gutt kommen. Mat esou engem héije Montant hätt d’Diane Wunsch, Télévie-Coordinatrice, nimools gerechent. "Ech sinn iwwerwältegt, ech sinn immens frou an ech si virun allem immens dankbar", esou d’Diane Wunsch no der Marathon-Sendung vu 4 Stonnen.
Wéi och déi Editioune virdru war dësen 18. Télévie eng besonnesch Emissioun – mat Momenter vu Freed, Trauer an Hoffnung. Nieft den Temoignagë vun de Kriibs-Patiente war och den Optrëtt vum David Ianni en emotionalen Héichpunkt. Als Hommage un de verstuerwene Grand-Duc Jean huet hien e Lidd komponéiert gehat.
Trotz Staatstrauer si Patienten a Chercheuren op Donen ugewisen. "Si hänke komplett an direkt vun eis of", erkläert d'Télévie-Présentatrice Caroline Mart. Et géing een all Joer mierken, wéi d’Fuerschung virugeet a wéi wichteg et dowéinst ass, net opzehale mat Sue sammelen.
Ma obwuel d’Fuerschung scho rise Fortschrëtter gemaach huet, bleift nach vill ze maachen. Zwou Milliounen Euro sinn awer scho mol e gudden Ufank.
Hei geet et op den Télévie-Site.Eise groussen Télévie-Artikel mat allen Infoen.
Hei kënnt Dir déi ganz Emissioun vum Samschdeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg nach eemol genéissen.