
Dat ass awer esouwuel fir déi aner Sektiounsmemberen, wéi och fir d’Parteispëtzt net a Fro komm.
En Donneschdeg den Owend hat d’LSAP-Sektioun vu Beetebuerg sech gesinn an huet déi schlecht Stëmmung, déi dowéinst entstane war, wéi et schéngt, aus der Welt geschaaft. Um Enn bleift et zu Beetebuerg bei der aktueller CSV-Déi Gréng-DP-Koalitioun. An der LSAP wëll een déi Geschicht elo hannert sech loossen a sech op d’Oppositiounsaarbecht konzentréieren, erkläert de Roby Biwer. D’Sektiounsmemberen, déi un d’DP erugetruede waren, hätte sech entschëllegt an d’Sektioun hätt dës Excuse acceptéiert, sou de Meeschtgewielten zu Beetebuerg.