GréiwemaacherLSAP-Conseillère Tess Burton demissionéiert aus Gemengerot

Roy Grotz
Wiessel am Gemengerot zu Gréiwemaacher, wou d'LSAP-Conseillère Tess Burton e Freideg de Moien no 15 Joer am Gemengerot hire Récktrëtt annoncéiert huet.
© RTL Grafik

Wéi d'41 Joer al sozialistesch Mandatairin op RTL-Nofro sot, géif Si sech voll a ganz op hir Famill an hire Betrib konzentréieren, duerfir kéint Si keng weider Zäit an Energie méi an d'Politik investéieren.

2013 war d'Tess Burton fir den Nicolas Schmit an d'Chamber nogeréckelt, wou si wärend 10 Joer bis zu de Walen 2023 aktiv war.

Virun 3 Joer war d'sozialistesch Politikerin net méi an d'Chamber zeréckgewielt ginn a koum hannert der Ex-Ministesch Paulette Lenert an dem neien Deputéierte Ben Streff op déi 3. Plaz op der rouder Ost-Lëscht.

2018 war et och interne Streit bannent der LSAP ginn, nodeems d'Paulette Lenert no de Chamberwalen an d'Regierung komm war an net d'Tess Burton an duerfir d'Juso'en d'Parteispëtzt zerguttst fir dee Choix kritiséiert haten.

2004 war d'Maacher Meedchen och Wäikinnigin.

Zu Maacher huet den Ament eng CSV-Gréng-Koalitioun d'politescht Soe mat enger Majoritéit vu 6 Conseilleren. D'LSAP ass mat 2 Vertrieder an der Oppositioun vun der Muselgemeng.

Back to Top
CIM LOGO