
D’Drénkwaasser gëtt plazeweis knapp: E puer Gemenge hu Restriktiounen decidéiert, dorënner Esch um Donneschdeg.
Verschidden Aktivitéite si verbueden. Dozou gehéieren d'Autowäschen (ausser a professionelle Wäschanlagen), d'Botze vu Trottoiren, Garagen, Haff a Fassaden, souwéi d'Fëlle oder d'Erneiere vum Waasser a private Schwämm a Weieren.
Ausserdeem ass de Betrib vu Sprangbure verbueden, ausser wann dës mat engem zouene Waasserkreeslaf funktionéieren.
Och d'Ofkille vu Liewensmëttel oder Gedrénks ënner fléissendem Waasser an d'Bewässerung vu Wisen, Parken, Kierfechter a Sportsterrainen ass net erlaabt, ausser bei neien Uplanzungen.
Dës Reegelen gëllen net fir spezialiséiert Betriber, déi dës Aktivitéiten am Kader vun hirer berufflecher Aarbecht ausüben.
Geldstrofe kënne vu 25 bis 250 Euro goen.