
Wéi et am Presseportal vun der däitscher Police heescht, géif de 44 Joer ale Mario Stegnitz den Ament eng méi laang Prisongsstrof ofsëtzen. Verschidden däitsch Medien, wéi d'Saarbrücker Zeitung, schreiwen, de Flüchtege wier 2010 wéinst Mord verurteelt ginn.
D'Bevëlkerung gëtt am Opruff vun der Police gebieden, op kee Fall Kontakt mam Mann opzehuelen. Hie soll sech e Mëttwoch géint 15 Auer bei enger accordéierter Sortie an der Géigend vum Uert Schmelz, eng 40 Minutte vu Schengen fort, duerch d'Bascht gemaach hunn a gëtt zanterhier gesicht. Vun der Lëtzebuerger Police krute mir op Nofro confirméiert, datt och si vun den däitschen Autoritéiten alertéiert gouf an entspriechend Mesuren ënnerhuele géif.
De Mann ass 1,92 Meter grouss, dënn, huet schwaarz Hoer an e schwaarze Schnauz, brong Aen, eng Narb um rietsen Uewerschenkel an eng Tätowéierung um lénksen Ueweraarm. Fir d'lescht hat hien en T-Shirt a Crèmefaarf, eng laang, hellblo Jeansbox a wäiss Nike-Schong un.
Wien de Mann gesäit, soll direkt d'Police kontaktéieren. All Info zum aktuellen Openthalt vum Mario Stegnitz ass fir d'Saarbrécker Police, déi ënnert der Nummer 0049 681/9321-233 (oder aus dem däitsche Festnetz iwwer d'0681/9321-233) ka kontaktéiert ginn.