
En Dënschdeg hat d’ALVA , d'Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung matgedeelt, dass e Rappell gemaach gouf vun engem déifgefruerenem Uebst-Mix vun der Mark JA!. Do stellt ee sech d'Fro, wéi et méiglech ass, datt den Hepatite-A-Virus an déifgefruerenem Uebst nogewise gëtt a wéi geféierlech dat kéint fir de Konsument sinn.
Mir hu bei der ALVA nogefrot a kruten dës Äntwerten op eis Froe vum Patrick Hau dem Directeur adjoint vun der Verwaltung:
"Den Hepatitis-A-Virus ass e verbreete Virus, deen am Verdauungstrakt vun infizéierte Persounen optrëtt a sech iwwert de Stullgank an d'Ofwaasser verbreede kann."
Eng Kontaminatioun vu Liewensmëttel kann op zwou Aarte geschéien:
D'Symptomer vun Hepatite A kënne liicht oder méi schwéier sinn. Méiglech Symptomer sinn:
D'Symptomer trieden normalerweis 14 bis 28 Deeg no der Infektioun op. Bei eeleren oder geschwächte Persoune kënne se méi staark ausgepräägt sinn.
Persounen, déi de Produit consomméiert hunn a Symptomer entwéckelen, sollen en Dokter consultéieren an dës Consommatioun uginn.
Dat ass net ausgeschloss, well de Genom vum Virus am Produit nogewise gouf. Dat bedeit net automatesch, datt injektiivt Virusmaterial present ass, mee et kann net ausgeschloss ginn.
Nee. D‘ALVA huet aktuell keng Informatiounen iwwer konkreet Krankheetsfäll am Ausland oder zu Lëtzebuerg, déi mat dësem Produit a Verbindung stinn. De Rappell geschitt aus Virsiichtsgrënn, well de Virusgenom nogewise gouf.
Kachen ass eng effikass Hygiènesmoossnam, well Hepatite-A-Viren an och aner Keimen, déi krank maachen, duerch Hëtzt inaktivéiert ginn. Fir Kanner, eeler Persounen oder Leit mat geschwächter Immunitéit kann dat eng sënnvoll Preventiounsmoossnam sinn.
Bei Reesen a Länner mat manner ausgebauter Hygiènesinfrastruktur soll een:
Dëst Prinzip gëtt dacks esou zesummegefaasst:
"Cook it, peal it, wash it or leave it."
D'ALVA huet och en Depliant dozou:
D’ALVA stellt der Bevëlkerung iwwer de Portail www.securite-alimentaire.lu eng zentral, transparent an aktuell Informatiounsplattform zur Verfügung. Hei fënnt een all offiziell Rappeller, Warnungen, Notifikatiounen, souwéi Erklärungen zu Liewensmëttelrisiken. D’Informatioune ginn direkt aktualiséiert, soubal nei Elementer virleien.
Zousätzlech erméiglecht d’Applikatioun LU ALERT, datt d’Konsumente séier a proaktiv iwwer Liewensmëttel-Réckriff informéiert ginn. D’App ass gratis a bitt eng direkt Alarmfunktioun, fir d’Bevëlkerung séier ze warnen, wann e Risiko identifizéiert gëtt.
Nott vun der Redaktioun: Et gëtt och eng Impfung géint Hepatite A: am beschten informéiert Dir Iech bei Ärem Dokter oder bei der Travel Clinic vum CHL.