Och Helikopter bedeelegtGréissere Policeasaz am Raum Cents-Neiduerf no Abrochversuch

RTL Lëtzebuerg
Am Raum Cents-Neiduerf an der Stad leeft zanter dem fréie Freidegmoien e gréissere Policeasaz.
© Domingos Oliveira

E Spriecher vun der Police sot eis op Nofro hin, et wier op en Abroch, respektiv Abrochversuch zeréckzeféieren. Beamten hätten ee Verdächtege gestallt. Et géing no engem méigleche Kompliz gesicht ginn. Kuerz viru 6 war e Policehelikopter och um Asaz scho bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO