
Dem User no, deen eis de Video zougeschéckt huet, ass dëse géint 13 Auer am Raum Bierchem opgeholl ginn. Ze gesinn ass en Helikopter, deen immens niddereg op der Héicht vun der Stroumleitung flitt. Ëm wat fir een Helikopter et sech handelt, ass op den éischte Bléck effektiv net z'erkennen. Mir hu bei der ANA, der Fluchsécherungsverwaltung Detailer nogefrot.
Hei heescht et als Äntwert, et géif sech ëm en Helikopter handelen, deen am Optrag vum Stroumnetz-Gestionnaire Kontrollen un den Héichspannungsleitungen duerchféiert. Dës Kontrolle géifen all Joer vu Mëtt Juni bis Mëtt Juli duerchgeféiert ginn an hätten eng "visuell Iwwerpréiwung vun de Kabelen an den Infrastrukturen" als Zil. Eventuell Schied um Stroumnetz sollen esou fréi erkannt ginn.
Datt den Helikopter heifir esou ongewéinlech déif flitt, hätt och seng Grënn: "Well d'Inspektioun aus noer Distanz gemaach gëtt, flitt den Helikopter bewosst op enger méi niddereger Héicht wéi bei engem normale Fluch." Fir dës Missioun wier dann och vun der Direction de l'aviation civile eng speziell Autorisatioun ausgestallt ginn an d'Kontroll wier a Récksprooch mat der ANA an engem "streng reglementéierte Kader organiséiert an duerchgefouert ginn", esou nach d'Fluchsécherungsverwaltung.
En Donneschdeg de Moie war den Helikopter dann och zu Zolwer ze gesinn.