Ukrain-Krich Sujet an der ChamberLSAP, DP, Gréng, CSV a Piraten stinn hannert de Mesuren

Fanny Kinsch
Déi Lénk gesinn d'Wafferliwwerunge ganz skeptesch an d'ADR ass géint de Verbuet vu Russia Today a Sputnik.
© RTL-Grafik

Chamber-Aktualitéitsstonn iwwert d’Ukrain

D’Majoritéitsparteien, ma och d’Oppositiounsparteien CSV a Piraten stinn hannert den EU-Sanktioune géint Russland an de Lëtzebuergesche Liwwerunge vu militäreschem Material, d’ADR an déi Lénk hunn zum Deel Reserven. An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber hunn d’Deputéiert sech mat der aktueller Situatioun befaasst. Déi Lénk gesi Waffeliwwerunge ganz kritesch.

D’Deputéiert Nathalie Oberweis: “Virun allem zu engem Zäitpunkt, wou déi éischt Gespréicher tëschent der ukrainescher an der russescher Säit stattfannen, kann ee sech elo froen, ob dat wierklech ubruecht ass an ob dat net nach awer weider Ueleg op d’Feier gehäit. Gleeft mer, et ass net einfach Positioun z’ergräifen, ech denken Iech ass et awer och esou gaangen. Et ass en Dilemma. Ech kommen aus der Mënscherechts- a Friddensbeweegung an an deem Sënn kennen ech dat internationaalt Recht op bewaffente Widderstand an enger besatener Situatioun. Jo, e militäresch besatent Land huet d’Recht op bewaffente Widderstand, an dat gëllt fir jiddwereen, fir all Land, an net just fir déi, déi vu Russland besat sinn. Mee vun deem Constat, bis Waffen ze liwweren ass et nach e grousse Schrëtt.”

Extrait Nathalie Oberweis

Op der Lëtzebuerger Finanzplaz op där anerer Säit missten nach méi Efforte gemaach ginn, fir russesch Suen ze blockéieren, sou nach d’Meenung vun déi Lénk.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet festgestallt, datt d’Chamber just iwwert d’Waffeliwwerungen informéiert, awer net consultéiert gi wier. D’ADR wier iwwerdeems dogéint, datt Tëleeschaînë verbuede ginn.

“D’ADR ass géint Zensur an dowéinst och dogéint, fir Medien ze verbidden. Esou eng Demarche ass e geféierleche Präzedenzfall an enger fräiheetlecher Demokratie. Wa mir ufänke Medien ze verbidden, wou hält dat op.”

D’Piraten hunn hirersäits d’Regierung opgefuerdert, ze verhënneren, datt russesch Oligarche mat Fligeren, déi hei am Land ugemellt sinn, sech nach kënnen iwwert dem europäesche Loftraum deplacéieren.

“Lëtzebuerger Fligeren, déi am Moment nach vu russeschen Oligarche benotzt ginn, fir Sanktiounen z’ëmgoen, well déi leider eng LX-Kennung hunn, domat dierfen déi an Europa fléien, mee d’Lëtzebuerger Regierung huet awer Moyenen, fir déi trotzdeem op de Buedem ze bréngen.”

Dat wat een an de leschten Deeg gesinn hätt, wier e Kipp-Punkt an der europäescher an an der Lëtzebuerger Geschicht gewiescht, esou den CSV-Deputéierte Claude Wiseler. D’Kris géing awer och weisen, datt mer hei militäresch net gutt genuch opgestallt wieren.

“Et ass fir eis ganz kloer, datt mer mussen eisen Defensebudget un déi europäesch Besoinen an an Zukunft un d’Nato-Besoinen och upassen. Vun 0,6% haut denke mir, datt mer e gutt Stéck iwwert déi 0,74% kënnen erausgoen, déi d’Regierung bis 2040 (Nott vun der Redaktioun: D’Regierung plangt e Budget vun 0,74 Prozent fir d’Defense bis 2024 an net 2040) virun e puer Woche geplangt hat. Mir mengen, datt mer eng Zilsetzung 1% kënnen ustriewen.”

Den Ausseminister Jean Asselborn sot, fir hie wier et virun 3 Wochen och onvirstellbar gewiescht, datt Lëtzebuerg géing Waffen an en anert Land schécken. Mat deene Liwwerungen, déi dës Woch decidéiert goufen, géing et awer drëm goen, den Ukrainer ze hëllefen, sech iergendwéi kënnen ze verdeedegen. Russia Today a Sputnik wiere keng fräi Medien, ma géinge vum Putin dirigéiert ginn - dofir wier et a sengen Aen nëmme richteg, dës Chaînen ze verbidden.

De Jean Asselborn huet dann och annoncéiert, datt d’russesch Honorarkonsuler nach eemol géingen iwwerduecht ginn - d’Mandat vum Dirigent Valery Gergiev zum Beispill géing en Dënschdeg op en Enn goen. De Gergiev gouf en Dënschdeg vum Münchner Philharmonieorchester entlooss, well hie sech net vun der russescher Aggressioun an der Ukrain distanzéiert huet.

Weider war et d’Prezisioun vum Chefdiplomat, datt den Ament 11 Lëtzebuerger a 7 Ukrainer nach an der Ukrain blockéiert wieren, déi ee géing versichen eraus ze kréien. Den Ausseministère hätt mëttlerweil awer och Demandë vu Russe kritt, déi net wéilte géint d’Ukrain kämpfen an hei de Flüchtlingsstatut wéilte kréien.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO