Etienne Schneider seet ÄddiLSAP-Politiker, Space-Minister, Mister Google

Pit Everling
En Dënschdeg geet fir Lëtzebuerg eng politesch Ära op en Enn. Den Etienne Schneider seet der aktiver Politik mat nëmmen 49 Joer Äddi.
© RTL-Archiv

D'lescht Woch war den Etienne Schneider op senger leschter Wirtschaftsmissioun. De Pit Everling hat zu Dubai mam Ministre sortant zeréck- an no vir gekuckt.

November 2011

Et ass eng reng perséinlech Entscheedung, weder Partei, nach de Premier, nach soss een huet mech eppes gefrot, sou de Jeannot Krecké. De Wirtschaftsminister Jeannot Krécke huet demissionéiert an de Wee fräigemaach fir e Mann, dee bis dato um Forum Royal hannert de Kulissen d'Fiedem gezunn huet.

Et mécht mer keng Angscht, a wirtschaftlech stiermeschen Zäiten d'Rudder ze iwwerhuelen. Ech sinn net den Typ, deen Angscht huet, sot den Etienne Schneider. Selbstbewosst, jonk, dynamesch, huet d'LSAP fonnt an den neie Mann zur Nummer 1 gemaach.

No der Geheimdéngschtaffär ass den neie Spëtzekandidat Schneider 2013 an d'Nei-Walen an op Konfrontatioun mat der CSV a mam Jean-Claude Juncker gaangen.

Etienne Schneider: Mir mussen d'Fënstere grouss oprappen an de Mief vu Joerzéngten CSV-Virherrschaft lass ginn.
Mir brauchen e Premier fir Lëtzebuerg an net fir Europa a fir de Rescht vun der Welt. Mat Iech wäerte mer dat packen. Ech ginn iech Rendezvous den 20. Oktober owes, fir ze feieren, wann d'LSAP de Premier stellt.

D'Walen 2013 an 2018 ginn awer weder fir d'LSAP, nach fir de Spëtzekandidat perséinlech esou aus, ewéi geplangt.
Trotzdeem housch et fir de Concernéierten zweemol Regierungsbedeelegung, Vizepremier, Wirtschaftsminister a fir eng kuerz Zäit Gesondheetsminister.

Den Etienne Schneider gëllt als ee vun de Pappe vun den zwou Dräier-Koalitiounen an ass och haut nach ganz houfreg dorop.

AUDIO: Etienne Schneider Deel 1 / Rep. Pit Everling

8 Joer no der éischter Vereedegung ass et also Schluss

An 8 Joer goufen et ganz vill spannend Momenter, sot den LSAP-Politiker. Et wier zum Beispill interessant gewiescht, Leit ze begéinen, déi ee just vun der Tëlee kennt, a festzestellen, datt och si just mat Waasser kachen. Ee Personnage huet den Etienne Schneider awer total iwwerrascht.

Den Etienne Schneider zitt en allgemeng positive Bilan an huet wéineg Regreten, virun allem hätt een d'Gesellschaft moderniséiert. Wann et net gelonge wier, fir eng Firma op Lëtzebuerg ze kréien, dat wiere manner schéi Situatioune gewiescht.

Wéi eng Entreprisë sollen op Lëtzebuerg kommen a wéi eng net? Dat war eng vun de grousse Froen déi lescht Zäit.
D'Mentalitéit vun de Leit hätt an de leschten 8 Joer gedréit, sou den Etienne Schneider.

Seng Themeschwéierpunkte sinn effektiv méi an den Hannergrond geréckelt. Wéi staark huet dat d'Decisioun beaflosst, fir ze goen?

Etienne Schneider: Ech hunn absolut net d'Flemm. Ech si just der Meenung, datt d'Leit hir Meenung erëm ganz séier géingen änneren, wann et dem Land nees géing méi schlecht goen.

Google, Fage, Knauf... De Wirtschaftsminister Schneider an d'Ëmweltministesch Dieschbourg ware sech beileiwen net ëmmer gréng. Beim Lancement vu Govsat war dëse Saz ze héieren: "Wat soll d'Carole dozou soen, déi Ofgasen do." E Witz, deen net béis gemengt war, gouf duerno gesot. Vun enger schlechter Relatioun mat der Grénger Kolleegin wëll den Etienne Schneider och haut net schwätzen, dofir awer vum Space-Mining.

AUDIO: Etienne Schneider Deel 2 / Rep. Pit Everling

Hien huet drun erënnert, dass déi verréckt Iddi ufanks ill kritiséiert gouf. Dat awer virun allem zu Lëtzebuerg, manner am Ausland, sou den Etienne Schneider.

A wat sinn elo d'Pläng fir d'Zukunft? Direkter vun der Europäescher Space-Agence?

Etienne Schneider: Wa se mech gären hätte fir deen Job, da misst iwwer d'Konditioune geschwat ginn, fir Saachen ze verbesseren.

Ofneigung kléngt anescht, ma eng Decisioun wier net geholl. Hien hätt allzäit e puer Telefone kritt an der Lescht. Elo steet fir d'Éischt eng kleng Operatioun un an duerno wëll hie mol no sech kucken. Ech hunn e Coach gebucht a fänken erëm mat Sport un.

Fir nees vir an engem Auto ze sëtzen, dat wier elo ongewinnt: Ech hunn och keen Auto méi a muss mech elo nach dorëmmer këmmeren, sot hien am Interview. Et dierft ee gespaant sinn, ob den Etienne Schneider sech beim Autokaf vun de fréiere grénge Ministerkolleege berode léisst. I'm done, seet de Mann, deem ëmmer nogesot gouf, net wierklech bei seng Partei ze passen. Hie wéilt säi Liewen elo zeréck, seet den Etienne Schneider, dee wuel nach "Loscht op muer" huet. Et dierft ee gespaant sinn, wou hie genee wäert landen. Wat d'Lëtzebuerger Politik ugeet, do mécht den Etienne Schneider allzäit elo d'Fënsteren nees zou, an zwar vu baussen.

RTL-Artikel: Een aussergewéinleche Réckbléck op seng politesch Karriär
RTL-Artikel: Etienne Schneider verléisst d'Regierung

Back to Top
CIM LOGO