8 Joer laang war den Etienne Schneider Vize-Premier a Minister an huet d’Gambia-Koalitioun mat ugestiwwelt.

Dernieft hat den LSAP-Politiker eng Rei aner Ressorte wéi d'Gesondheet oder de Ministère fir bannenzegt Sécherheet a Verdeedegung. Ëmstridden als "liberale Sozialist", vu ville wéinst ze vill "Bling Bling" kritiséiert. Esou mol d'Reprochen... Wéi geet den Etienne Schneider mat der Kritik ëm? Wat waren déi speziellst Erliefnisser? Alles dat hu mir hien am Interview gefrot.

Et war déi Lescht vun enger sëlleche Wirtschaftsmissiounen. Dem Etienne Schneider seng lescht Deeg och als Vize-Premier. Ee Gaascht, dee gär zu Dubai gesi gëtt. Mat engem grousse Laachen am Gesiicht. An awer...

Etienne Schneider:"Et ass e bëssen e komescht Gefill, well ee weess, dass elo e laangt Kapitel op en Enn geet. An 8 Joer ass vill geschitt, ech hu vill erlieft."

Spezielles geschmaacht an och vill interessant Leit kennegeléiert. Zu Abu Dhabi hat de Minister vun der Toleranz leschte Méindeg spontan op e Mëttegiessen a säi Palais invitéiert. Ma esouguer déi bekanntste Leit géife privat nëmme mat Waasser kachen, esou dem Etienne Schneider seng Erfarung.

Etienne Schneider:"Vun dohier ass et am Fong eng Erniichterung, well een en anert Bild huet, wann een d'Leit ëmmer nëmmen an de Medie gesäit, wéi wann ee se dann an der Realitéit gesäit. An ech mengen och kënnen ze soen, dass et e bessert Bild ass."

Ganz positiv iwwerrascht war den LSAP-Politiker beispillsweis vun der Däitscher Kanzlerin Angela Merkel, déi hien op engem Iesse kennegeléiert huet.

Etienne Schneider:"Déi jo eigentlech eng ganz reservéiert Fra ass, wann ee se esou op der Tëlee gesäit. Déi awer eng ganz oppen, léif Fra ass a virun allem och eng extrem intelligent Fra, dat huet mech schonn impressionéiert. Mä ech muss soen, dass si effektiv esou ass, wéi si sech gëtt."

De Chef vum Wäissen Haus hat do e manner positiven Androck hannerlooss.

Etienne Schneider:"Do hunn ech misse feststellen, dass e genee esou ass, wéi e sech gëtt. Ech hat eigentlech ëmmer geduecht, hie géif déi Roll just spillen, fir senger Wielerschaft ze gefalen."

Ma och den Etienne Schneider war net ëmmer ganz beléift. "Bling Bling, elo nach eng lescht Rees aux frais de la princesse..." huet et iwwer seng Visitt an den arabeschen Emirater geheescht. D'Commentairë vun de Leit waren dacks haart.

Etienne Schneider: "Ech hu scho laang opgehale gehat, déi Kommentaren ze liesen. Ech stelle just fest, an dat ass schued, dass et eng Rei Leit ginn, déi näischt Anescht ze dinn hunn, wéi ëmmer nëmmen ze kritiséieren. Sech selwer awer ni abréngen."

No 8 Joer Engagement hänkt den Etienne Schneider d'Politik also un den Nol. Säi flottste Projet wär d'Kreatioun vun der Gambia-Koalitioun gewiescht. Dee spannendsten de Space Mining. Eng vun de gréissten Erausfuerderungen, d'Wirtschaft no der Finanzkris nees un d'Rullen ze kréien... Ginn et Regreten?

Etienne Schneider: "Do muss ech iwwerleeën...jojo, wann ee sech selwer muss kritiséieren, ass net esou einfach." (grins)

Wéi geet et da lo weider?

Etienne Schneider:"Dat ass déi meescht gestallte Fro an de leschte Wochen. Ech kann ëmmer nëmmen drop äntweren: ech weess et net!"

De Poste vum Direkter vun der Europäescher Weltraum Agence wär fir den Etienne Schneider jo eng potentiell Méiglechkeet. Sollt d'ESA méi kompetitiv a flénk opgestallt ginn. Mat den Zukunftsfroe wäert hie sech nom Récktrëtt befaassen. Eng Vakanz ass elo direkt net geplangt. Etienne Schneider: "Nee, ech wäert am Spidol leien, well ech kréien eng kleng OP gemaach, déi ech elo ëmmer erëm erausgeschiibt hunn. Da wäert ech dat maachen. Dat ass awer nëmmen eng Dommheet. Fir de Rescht kucken ech nees e bësse méi a Form ze kommen, ech hunn e Coach gebucht."

Nees a Form komme steet uewen op der Prioritéite-Lëscht. De perséinlechen Trainer ass scho gebucht, deemnächst kéint een den Etienne Schneider nees méi dacks am Fitness untreffen. Ob d'Politik dem nach Vize-Premier Schneider net awer feele wäert?

Etienne Schneider:"Dat eenzegt, wat mir wäert feelen, ass datt ech mech net méi hannen an den Auto sëtze kann a vir wäert ee fueren. Bis e Kolleeg mech drop opmierksam gemaach huet, dass ech och keen Auto méi hunn ab dem 5. An dat ass effektiv richteg, elo muss ech mech och nach dorëms këmmeren."

Langweileg dierft et dem Etienne Schneider also net ginn. Säi warscheinlech gréissten Challenge: nees an en normaalt Liewen zréckzefannen, wou net alles vu vir bis hannen duerchorganiséiert ass.