“D’Maske si gefall! Déi nei Regierung entpuppt sech ëmmer méi als eng reaktionär, autoritär Regierung mat engem populisteschen, hetzereschen Discours an dat kënne a wëlle mer net toleréieren !” Dat huet d’LSAP-Fraktioun op enger Pressekonferenz betount an ënnert anerem d’Aussoe vum Marc Lies a Simone Beissel domat viséiert.
Den Toun wier méi rau, respektlos an iwwerhieflech ginn, huet d’LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding ënnerstrach :
“All d’Hemmunge schénge gefall ze sinn. Et gëtt ëmmer méi eng populistesch Rhetorik gebraucht an och net gescheit, rassistesch a riets Ressentimenter ze bedéngen.”
D’CSV Parteipresidentin Elisabeth Margue géif sech wéi sou dacks net fäeg fillen, eng Stellung zu der Causa Lies ze huelen :
“An da froe mer eis natierlech, wat mat dem soziale Gewëssen aus der CSV ass. De Paul Galles, Vizepresident vun der CSV, kann dat do alles dach net guttheeschen.”
Ma och vum Premier Luc Frieden huet ee sech méi erwaart :
“Hien ass hei gefuerdert, well de Marc Lies ass net den eenzegen, dee sech esou enger Rhetorik a sou engem Stil bedéngt.”
Stéchwuert Heescheverbuet misst ee sech der LSAP no eng Partie Froe stellen. De Bilan vum Inneministère wier an den Ae vum Dan Biancalana nämlech wierklech moer :
“Déi Ressourcen, déi mobiliséiert goufen, par Rapport zu de constatéierte Faiten si fir eis komplett demesuréiert an disproportionéiert.”
Déi detachéiert Poliziste gehéieren de Sozialisten no zréck an hir Unitéiten, do wou se am Alldag gebraucht géife ginn. Anere Sujet war d’Logementspolitik vun der neier Regierung. D’Mesurë wieren do am Interêt vun den Investisseuren an net vun de Leit, déi eng Wunneng brauchen. Och a Punkto Budget war et d’Kritik vun der LSAP, datt de Fokus op de Business a net op d’Leit géif geluecht ginn.