Et géif ze vill verschidde Plattformen, déi technesch an inhaltlech net openeen ofgestëmmt sinn. Schonn ënnert der aler Regierung gouf dowéinst ee Projet fir eng eenheetlech Warnmethod lancéiert. LU-ALERT soll d’Populatioun via App, SMS, Handyalarm an Internetsite avertéieren. Do gëtt lo schonn zwee Joer dru geschafft. Den Inneministère huet en Dënschdeg iwwert de leschte Stand informéiert.
Wann ee Projet sech esoulaang hinzitt, da freet ee sech och emol iwwert méi kleng Schrëtt an déi richteg Richtung. Déi grouss Nouvelle den Dënschdeg de Moie war, dass den Internetsite “LU-ALERT.LU” esouwäit fäerdeg ass. Dee gouf awer nach net gewisen. Et war villméi den Opruff, dass de Grand-Public elo emol un engem groussen Test matmaache soll.
Am Noutfall, beispillsweis bei Iwwerschwemmungen oder soss Naturkatastrophen, mee och bei einfache Liewensmëttelwarnunge soll d’Populatioun besser, méi séier a méi einfach informéiert ginn. D’Ëmsetzung dovunner ass awer technesch komplex.
Esou mussen och d’Handyoperateuren matspillen an esouguer Apple a Google mussen hir Handy-Betribsystemer adaptéieren.
Déi verschidden Acteuren wéi Ministèren, CGDIS oder Meteosdéngschter solle fir hir Warnmessagen nëmmen nach LU-ALERT notzen. Mee net nëmmen technesch, och faarflech sollen d’Acteuren an Zukunft op enger Linn leien.
De Projet krut ëmmer erëm Retard. Am Januar war den Inneministère nach optimistesch, dass LU-ALERT spéitstens am Juli operationell ass. Den Dënschdeg de Moie gouf de September als neie realisteschen Datum genannt.