Gëschter sinn d'Zuelen effektiv an d'Luucht gaangen, do kann een awer nach net vun engem Trend schwätzen, do musse mer elo déi nächst Deeg kucken wéi et weider geet. Den Trend bleift natierlech weider an déi Richtung, dass och um Ufank vun dëser Woch, d'Infektiounen an deenen Alterskategorien, déi nach net geimpft sinn, méi héich sinn, wéi an deenen aneren Alterskategorien.
66 Prozent vun den Erwuessenen am Land si scho geimpft ginn, 46 Prozent si fäerdeg geimpft. Et schéngt, datt déi Jonk ënner 30 Joer bësse méi retizent sinn. Den Haut commissaire à la protection nationale betount, datt et awer nach ze fréi ass, fir definitiv Chifferen ze nennen, well nach vill Invitatioune géifen opstoen.
Zënter dëser Woch gi jo och déi Jonk ënner 18 Joer invitéiert fir sech impfen ze loossen. De Luc Feller präziséiert, datt si entweder vun engem Elterendeel mussen an den Impfzenter begleet ginn oder e spezielle Formulaire mussen dobäi hunn, dee vun den Elteren ënnerschriwwen ass. An der Invitatioun ass präziséiert, wou een dee Formulaire kann eroflueden an do ginn dann d'Elteren den Accord, datt hiert Kand eleng an den Impfzenter ka goen an sech do kann impfe loossen.

Eng éischte Kéier zanter 13 Woche sinn d'Zuele vun den Neiinfektiounen nees geklommen, dat vun 90 op 107. Zuele vun de Kontakter dogéint si vun 396 op 353 liicht erofgaangen. Och goufen an der Woch vum 21. bis de 27. Juni mat 39.181 Tester der eng 16.000 manner gemaach, wéi déi Woch virdrun.
17 Leit haten eraginn, datt hire Schnelltest, dee vun engem Professionellen duerchgefouert gouf, positiv ausgefall ass. Zanter dem Aféiere vun de Schnelltester goufen esou 211 Fäll fonnt. Déi lescht Woch war awer kee Fall dobäi, datt en Auto-Schnelltest positiv ausgefall ass.
En Trend no ënne gouf et awer an der Woch vum 21. bis den 27. Juni bei den aktiven Infektiounen. Dës si vu 234 (Stand 20. Juni) op 142 erofgaangen. Mëttlerweil hunn 69.682 Leit hir Infektioun iwwerstanen.
D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Persoune ass vu 27,7 op 28,4 eropaangen. Am meeschten ugestach gouf sech weiderhin an der Famill mat 21,5%. Op Plaz 2 kommen d'Reesen an d'Ausland mat 15% an d'Fräizäit mécht 13.8% aus. Bei 40,2% konnt net ermëttelt ginn, wou sech infizéiert gouf.
Déi 23. Kalennerwoch vun dësem Joer ass dann och déi drëtt um Stéck, datt kee Covid-Doudege gemellt gouf.
Och an de Spideeler bleift d'Situatioun stabel. Op de soins normaux louchen d'lescht Woch 3 Corona-Patienten (-3), d'beluechten Intensivbetter si bei 2 bliwwen.
Negativ ass donieft d'Hausse vum effektive Reproduktiounstaux. Dësen ass vun 0,58 op 0,92 eropgaangen. Änlech gesäit et beim Inzidenzwäert aus, dee vu 14 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner op 17 pro 100.000 geklommen ass.
Mat Bléck op d'Quarantän gouf et eng Baisse vu 28% mat 370 Persounen, e Minus vun 38% waren et bei den Isolementer mat 287 Leit.
Knapp méi wéi 44.000 Impfdosisse goufen am Zäitraum vum 21. bis den 27. Juni administréiert. 35.613 Residenten hunn hir éischt Dosis lescht Woch kritt, fir 8.448 Persoune war et déi 2. Dosis. Stand 30. Juni goufen zu Lëtzebuerg 542.793 Dosissen administréiert. 232.222 Persoune si vollstänneg geimpft.
Iwwert d'Entwécklung vun de Mutatioune steet näischt am Wocheréckbléck vun der Santé Wéinst engem technesche Problem konnten déi Date net un d'Autoritéiten iwwermëttelt ginn.
An de Kläranlage war zanter Wochen eng Baisse festzestellen, ma déi Zuelen aus de leschten zwou Woche bleiwe stabel.