Invité vun der Redaktioun (25. Januar)Luc Frieden geet an Europawahlen, net a Chamberwahlen

RTL Lëtzebuerg
Invité en Donneschdeg ëm 10 op 8 war de fréiere Justiz- a Finanzminister.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Luc Frieden
Invité en Donneschdeg ëm 10 op 8 war de fréiere Justiz- a Finanzminister.

De Claude Wiseler ass den CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwahlen am Oktober. D'Viviane Reding huet déi lescht Zäit och op sech opmierksam gemaach a wat ass mam Luc Frieden?

De Luc Frieden wëll Kandidat op der CSV-Lëscht si fir d’Europawahlen 2019.

Hie wäert net mat an d‘Chamberswahlen am Hierscht goen, dat sot eis de Luc Frieden um Donneschdeg de Moien.

Hien hätt a senger Zäit an der Politik, awer och an der Privatwirtschaft gemierkt, wéi wichteg et ass, sech aktiv an den europäeschen Institutiounen anzebréngen.

Hien hätt laang iwwerluecht, a sech eben fir d’Europawahlen decidéiert. D'Decisioun net mat an d'Chamberwahlen ze goe wär him schwéier gefall, huet de fréiere Minister gemengt. Mä hie wëll sech elo fir Europa engagéieren.

En ass och prett, CSV-Spëtzekandidat ze sinn, wa seng Partei e freet. D'EU-Kommissioun géif hien natierlech interesséieren. Mä wien EU-Kommissär gëtt, dat géif déi nächst Lëtzebuerger Regierung decidéieren, sou de Luc Frieden.

De Luc Frieden ass aktuell Partner an engem Affekotebüro, mä och President vum Verwaltungsrot vun der BIL a vu Saint-Paul. D'Fro un hien, ob dat compatibel ass, ob een déi Posten opgëtt. Eent nom anere misst ee kucken, wann hie Kandidat wär, géif hien déi Konsequenzen zéien, déi ee misst zéien, hie géif da kucken, wat berufflech compatibel ass.

Invité en Donneschdeg ëm 10 op 8 war de fréiere Justiz- a Finanzminister.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO