Keng EuropawalenLuc Frieden strieft kee politescht Mandat un

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Joer wollt de Luc Frieden nach mat an d'Europawalen goen, souguer fir Spëtzekandidat ze ginn hat en Interessi.

Elo geet de Luc Frieden awer definitiv net mat an d'Europawalen. Hien huet dat dem Lëtzebuerger Wort confirméiert. Aus beruffleche Grënn géif hie verzichten, sot de fréiere Minister. Hie géif och keen anert politescht Mandat ustriewen.

Virun engem Joer war de Luc Frieden och un der EU-Kommissioun interesséiert. D'Regierung decidéiert awer wien Lëtzebuerger Kommissär gëtt an do soll jo den Nicolas Schmit proposéiert ginn.

Um Freideg war et jo d'Nouvelle vum Lëtzebuerger Land, datt de Luc Frieden als neie President vun der Chambre de Commerce am Gespréich ass.

Luc Frieden als Nofolger vum Michel Wurth?

De Luc Frieden ass ee potentielle Successeur fir de Michel Wurth un der Spëtzt vun der Chambre de Commerce. Dat schreift d'Lëtzebuerger Land.

De fréieren CSV-Finanzminister kandidéiert nämlech bei de Sozialwalen als President vum Verwaltungsrot vun der BIL fir de Grupp 4, dem Grupp vun de Banken an anere Finanzaktivitéiten.

Wéi d'Land schreift, wier des Hypotheese schonn zanter 3 Woche bei de Patronatsorganisatiounen diskutéiert ginn. De Luc Frieden ass ee vun deene 5 Kandidaten, fir effektive Kandidat vum Grupp 4 ze ginn.

D'Lëscht gouf e Mëttwoch vun der ABBL ofgeseent.

De Michel Wurth ass zanter 15 Joer President vun der Chambre de Commerce. Hien géif zanter Juni zejoert hoffen, dass d'Sozialwalen eng Méiglechkeet sinn, fir eng Erneierung, respektiv Verjéngung vun dëser Institutioun.

Back to Top
CIM LOGO