D'Schwieregkeeten an de leschte Méint wéinst der Reform vun der Uni Lëtzebuerg konnte mat der Hëllef vun der Regierung iwwerwonne ginn. Sou den Recteur faisant fonction, Ludwig Neyses, en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Duerch d'Reform wier eng zolidd administrativ Basis geschafe ginn.
D'Kritik, well Externer am Conseil de gouvernance sëtzen, léisst hien net gëllen, dës géifen e wichtegen Apport an Erfarungswäerter vu Bausse mat bréngen.
Et goufen och 8 akademesch Schwéierpunkten definéiert: dorënner Medezin, ICT, Europäeschen an internationalen Droit, a Finanzen.
Den Invité vun der Redaktioun, Ludwig Neyes, sot och, datt keng reell Kierzungen neidesch waren, mä datt een duerch eng verbessert Administratioun, konnt spueren.
Am lafende Joer goufen et 100 Projete mat Privatentreprisen, déi 3% vum ganze Budget vun 224 Milliounen Euro ausmaachen. D'Onofhängegkeet vun der Uni wier awer garantéiert, souwuel vun der Privatwirtschaft, wéi och vun der Politik, ënnersträicht den Ludwig Neyses.
Fir de neie Recteur Stéphane Pallage, deen den éischte Januar ufänkt, gesäit de Recteur faisant fonction 3 Defien: d'administrativ Reform consolidéieren, d'Fuerschung déi an der internationaler Konkurrenz muss bestoen an d'Digitaliséierung op der Uni.
Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Ludwig Neyses, Recteur faisant fonction vun der Uni Lëtzebuerg.