
Wéi mir vun der Luxair op Nofro hin erkläert kruten, gouf et technesch Problemer mat enger Boeing 737-700, déi en Donneschdeg den Owend sollt vu Bukarest op de Findel fléien.
Aus Precautiounsmesuren hat de Pilot vun der Maschinn decidéiert, quasi direkt nom Depart nees zréckzefléien an ze landen. Déi ronn 100 Passagéier hunn d’Nuecht an engem Hotel verbruecht a kommen e Freideg vu Rumänien aus zréck an de Grand-Duché.