AviatiounLuxairport schreift Lizenze fir Handling nei aus

RTL Lëtzebuerg
Luxairport schreift seng zwou Lizenze fir den Handling vun de Passagéier an dem Cargo um Fluchhafe Findel nei aus.
Luxairport schreift Lizenze fir Handling nei aus
Luxairport schreift seng zwou Lizenze fir den Handling vun de Passagéier an dem Cargo um Fluchhafe Findel nei aus.

Zwou entspriechend Annoncë fir jeeweils zwou Lizenze goufen dëse Méindeg an der Zeitung an op marchés-publics.lu verëffentlecht. Dëst well déi aktuell Lizenzen oflafen. Zum Ground-Handling gehéiert ënnert anerem d’Begleede vu Passagéier vun hirer Arrivée an der Aerogare u bis hin zu hirem Depart oder Transfert. Donieft ass et d’Gestioun vum Gepäck, d’Lueden an Entluede vu Fligeren, de Parking vun de Maschinnen an hir Preparatioun fir de Fluch.

An der Vergaangenheet war et ëmmer schwiereg, fir nieft der Luxair Firmen ze fannen, déi sech fir dës Aktivitéiten interesséiert hätten. Dat obschonns déi europäesch Konkurrenz-Reegele virgesinn, datt de Findel mat senge Passagéierzuelen an dem Fracht-Opkommes op d’mannst zwee Acteure fir den Handling vun de Passagéier an d’Manutentioun vum Cargo soll hunn.

Aktuell hunn d’Luxair an d’belsch Firma Aviapartner déi zwou Lizenzen fir de Passagéier-Handling. Aviapartner hat sech bei hirer Arrivée um Findel 2016 Chancen ausgerechent, d’Bëlleg-Airlines wéi Ryanair als Clienten ze gewannen, mee doraus war näischt ginn, well d’Luxair besser Konditioune gebueden hat. Aviapartner war trotz Lizenz net aktiv um Findel, well d’belsch Firma zu Lëtzebuerg nach net d’kritesch Masse erreecht hätt, confirméiert den Direkter vu Luxairport, den Alexander Flassak am RTL-Interview. Hien erkläert awer, datt bei Tarifverhandlungen fir den Handling, Aviapartner awer ëmmer representéiert gewiescht wier. Den Alexander Flassak geet och dovunner aus, datt an Zukunft méi ewéi ee Betrib den Handling um Findel wäert maachen. Wéini géing ganz vun de Verhandlungen ofhänken tëscht den Airlines an deenen, déi d’Lizenz hunn. D’Luxair wäert natierlech op den Appel d’offre vu Luxairport äntweren, sou d’Luxair-Direktioun op Nofro hin.

Aviapartner huet ons bis Redaktiounschluss keng Äntwert ginn.

Och wann d’Aktivitéiten um Findel iwwert d’Joren zougeholl hunn - d’Passagéierzuel ass iwwer 4 Milliounen d’Joer geklomm - sou ass et net evident, den Handling ze rentabiliséieren. Zwar ass den Ëmsaz héich, d’Käschten, déi domadder verbonne sinn, awer och. Vun de ronn 2.700 Salariéeë vun der Luxair sinn der ronn 400 fir de Passagéier-Handling zoustänneg a méi ewéi 1.200 fir de Cargo-Handling.

Wéinst de Schwieregkeete bei der Luxair wärend an no der Pandemie gouf op enger sektorieller Tripartite decidéiert, d’Airline ze moderniséieren. D’Gewerkschaft LCGB betount op Nofro hin, datt et e sektorielle Kollektivvertrag fir den Aviatiounssecteur gëtt an och wann eng nei Firma an den Handling géing asprangen, déi Konditioune musse respektéiert ginn. Iwwerdeems d’Luxair-Direktioun an der Vergaangenheet d’Aarbechtskonditioune als attraktiv bezeechent huet, huet se zouginn, datt vill Leit d’Airline verlooss hätten, fir bei de Staat oder d’Santé ze wiesselen.

Back to Top
CIM LOGO