2022 war awer e ganz schwieregt, en ustrengend Joer fir d'Luxair. Markéiert vu ville Schwieregkeeten, wou Spannungen am Personal net ausbliwwe sinn.
No zwee Joer Pandemie war d'Loscht um Reese grouss. D'Aktivitéit koum méi séier zeréck wéi geduecht. Eleng vu Mäerz op Abrëll goungen d'Passagéier-Zuelen ëm 30% erop, iwwerdeems eng weider Covid-Well beim Personal fir duebel sou vill Krankmeldungen wéi 2019 gesuergt huet.
"Mir haten am Ufank nach Covid. An dunn hate mer a ganz Europa nach ganz vill Chaos op ville Flughäfen. Dat huet eis och hei impaktéiert. Ma mir hunn et awer fäerdegbruecht, méi Passagéier ze fléie wéi 2019. Dat heescht: am Endeffekt war net alles schlecht.", esou de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith.
D'lescht Joer huet d'national Fluchgesellschaft iwwer zwou Millioune Passagéier transportéiert. Licht méi wéi 2019, dem Joer virun der Covid-Pandemie. E Resultat, wat d'Personal u seng Limitte bruecht huet. Enn September koum et zum Clash.
Eng Aviatiouns-Tripartite gouf op Drock vun de Gewerkschaften aberuff. Virum Héichhaus hunn deen Dag eng 800 Luxair-Mataarbechter hirer Frustratioun, virop wat d’Aarbechtskonditiounen ubelaangt, Loft gemaach hunn.
"D'Léisunge si gewiescht: D'Decisioun fir d'Afréiere vun de Gehälter opzehiewen. Datt d'Leit nees weiderkommen an hirer Gehaltsentwécklung wéi am Kollektivvertrag virgesinn. Et ass och decidéiert ginn, datt kee Besoin méi do ass fir e Plan de Maintien dans l'Emploi. Datt mer zeréck an eng gewëss Normalitéit kommen.", sou d'Michelle Cloos vum OGBL.
E Wee zeréck an d’Normalitéit, deen duerch eng Mediatioun tëscht Direktioun a Gewerkschafte begleet soll ginn. Detailer ginn hei den Ament keng kommunizéiert, wat déi Gespréicher ubelaangt, sou de Paul De Araujo vum LCGB. Weider Reunioune mam Mediateur Roby Biever si fir Januar geplangt.
Gewerkschaften, Direktioun, Regierung: de Bléck ass an d'Zukunft geriicht. Horizont 2030. An do steet eent fest: Wann d'Luxair sech net verännert, wäert et se mat der Zäit net méi ginn.
"Mir hunn elo erëm Konkurrenz um Findel bäikritt. Mir mussen eis nei erfannen. Mir mussen eng Qualitéits-Airline sinn. Mir mussen e ganze Reseau vun Destinatiounen hunn. D'nächst Joer hu mir 90 Destinatiounen. Dat ass nach ni do gewiescht. Mir musse Lëtzebuerg dat ginn, wat Lëtzebuerg brauch: eng Connectivitéit mat enger héijer Qualitéit.", sou de Luxair Generaldirekter.
Pläng, déi vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB gedroe ginn. Eng Luxair, déi an Zukunft ëmmer méi wäit fléie soll, sech weider entwéckele soll.
"Nei Destinatiounen. Ech mengen, dat ass de richtege Wee. Deen huet sech u sech elo och an der Pandemie bewäert. Nei Destinatiounen, wat Revenus supplémentaires bréngt. Wat u sech dann och erlaabt, der Konkurrenz vu Low cost entgéintzesteieren.", sou de Paul De Araujo vum LCGB.
Gigantesch Investissementer sinn néideg. Vun neie Fliger, iwwer nei Installatioune fir d'Maintenance, fir de Catering, bis d'Moderniséierung vum Cargozenter. Eng Erneierung begleet vu Partner, déi ouni d'Vertraue vun de Banken net ze stemmen ass.
D'Michelle Cloos vum OGBL: "Dat ass natierlech och fir eis Gewerkschafte wichteg. Well dat ass d'Ofsécherung, laangfristeg vun den Aarbechtsplazen. Vu gudden Aarbechtskonditiounen. Well et ass och e Secteur, wou et Konkurrenz gëtt. An déi gëtt net méi kleng. Déi Konkurrenz ass eng vu Low-cost-Airlines. Dat sinn net just bëlleg Ticketen. Dat si virop ganz schlecht Aarbechtskonditiounen, schlecht Salairen, sozial Dumping-Methoden, déi wierklech desastréis sinn."
Och 2023 wäert keen einfacht Joer ginn. Vu Vakanz bis Business, d'Leit dréien den Euro nees zweemol an der Täsch, iert si en ausginn. Et gëtt nees méi kuerzfristeg gebucht. Op engem Ament, wou d'Luxair-Direktioun dervun ausgeet, datt d'Präisser fir d'Ticketen am Laf vum Joer unzéie wäerten. Hei spille virop Energie a Personal-Käschte fir eng 2.900 Mataarbechter eng Roll.
"D’Luxair wäert ni eng Low-cost-Airline ginn.", sou de Gilles Feith.
An de Generaldirekter weider: "Dat ass net méiglech mat eisem Sozialmodell. Dofir musse mer kucken, datt déi nei Fliger och an dat mat erapassen. Ech gesinn do 180 Sëtzer. Ech gesinn do tëscht 140 an 150 nach ëmmer. An dann awer och nach de Q400, deen eis immens gutt duerch déi Kris hei gehollef huet. Wou och ze soen ass, datt deen 30% manner CO2 oder Kerosin brauch wéi e vergläichbaren Jet."
Déi 4 Boeing 737-700 sinn net just al. Mat 141 Sëtzer si se op enger ganzer Rei Destinatiounen och net méi rentabel genuch.
Kuerzfristeg nach virum Summer sollen nei, méi grouss Maschinnen an d'Flott opgeholl ginn. Verhandlunge mat engem Constructeur sinn um Punkt, ofgeschloss ze ginn.
Just eng Tëschenetapp, ier dee sougenannte Re-Fleeting an Ugrëff geholl gëtt. Wann do de Q400 vu Bombardier op de Kuerzstrecke gesat schéngt. Sou geet et hei drëms, nei Mëttel a Laangstreckeleefer ze kafen.
Weider Boeing? E Comeback vun Embraer? Oder en historesche Wiessel bei Airbus?
Um Enn wäert et drëms goen: méi Passagéier op ee Coup, och méi wäit ze transportéieren. Iwwert d'Grenze vum europäesche Kontinent eraus. Cap Vert, Dubai, Senegal, positiv Erfarungen. LuxairTours kéint seng Offer am Noen Osten a firwat net och sporadesch iwwert den Atlantik ewech ausbauen.
"Lëtzebuerg ass e Land, wat wiisst. Et huet och eng Groussregioun, déi wiisst. An d'Luxair flitt jo net just fir d'Residenten. Natierlech ass et eisen Interêt, datt de Findel den Haapt-Hub an der Groussregioun ass. An datt d'Luxair do och den Haapt-Ubidder ass. An deem Sënn hoffe mer natierlech, datt se wiisst, datt Aarbechtsplazen entstoen. An datt mer do kënnen op stabiller Basis stoen, och an 10 Joer.", sou d'Michelle Cloos vum OGBL am RTL-Interview.