De 26. September ass eng Luxair-Tripartite. De Mobilitéitsminister François Bausch huet déi aberuff, nodeems d’Gewerkschaften Alarm geschloen hunn, wéinst enger Surcharge un Aarbecht fir d’Personal. En Donneschdeg hat sech déi zoustänneg Chamberkommissioun mam Sujet befaasst. No der Entrevue hunn eenzel Deputéiert kritiséiert, datt d’Airline wärend dem Chômage partiel op eng extern Firma zeréckgegraff hätt. Am RTL Interview wëll de Luxair-Direkter Gilles Feith vun Outsourcing näischt wëssen. Am Géigendeel: d’Luxair géing amplaz vun Interim-Leit, CDD’en astellen.
Effektiv gouf eng Maschinn vun German Airways gelount. De Gilles Feith stellt awer kloer: keng eng Kéier hätt e Luxair-Vol deen zousätzleche Besoin kënnen opfänken. Et war zu engem Moment zousätzlech Capacitéit néideg an de Verwaltungsrot, mat u Bord Personaldelegéiert, hätt dat eestëmmeg ugeholl. Iert een e Fliger gelount huet, hätt een och versicht eege Linnefligeren ze kafen. Dat wier zu deem Zäitpunkt awer ganz deier gewiescht, mee d’Luxair géing weider Diskussioune féieren, fir sech op d’Zukunft ze preparéieren.
A propos Chômage partiel: De François Bausch hat jo ugedeit, datt dee fir d’Luxair misst fäerdeg sinn, vu datt d’Aktivitéiten aktuell nees op Volltoure lafen. Jo, de Gilles Feith seet, am Juni hat d’Luxair och just nach 22 eenzel Deeg am Chômage partiel. Néng Leit, déi am Chômage partie “strukturell” sinn, kéint een net méi asetzen an dat wier och duerch Rationéierungsmesuren op der leschter Aviatiouns-Tripartite decidéiert ginn.
Am August ass am meeschten Aarbecht fir d’Luxair an de Gilles Feith gëtt zou, datt et méi Stress a méi schwéier Konditioune fir seng Leit wäerte ginn. Hie seet all senge motivéierte Leit Merci fir hiren Asaz an ass zouversiichtlech, datt een dat geréiert kritt. Et géing och versicht ginn, ze rekrutéieren, wat awer och net evident wier, well et eben eng intensiv Aarbecht wärend Spëtzeperioden am Summer ka sinn.
Op d’Fro, ob dann ëmmer manner Leit Loscht hätten ze schaffen, äntwert hien: “D’Aviatioun ass keen immens stabele Secteur a mir hunn do och Leit verluer, déi da bei de Staat oder respektiv an de Secteur vun der Santé gaange sinn”, sou de Gilles Feith. A sengen Ae wier d’Aarbechtslaascht do besser opgedeelt. Op der anerer Säit seet de Luxair-Direkter awer och “mir sinn en attraktiven Employeur” an d’Airline hätt e ganz gudde Kollektivvertrag.
Zuelen, déi de Gilles Feith eis gewisen huet, weisen, datt den Absenteismus aktuell bei ronn 12 Prozent géing leien. Esouvill ewéi am Januar. Dat bréngt méi Aarbecht fir déi mat sech, déi nach schaffe ginn.
