Lëtzebuerger Agence fir EntwécklungszesummenaarbechtLuxDev ënnerstëtzt mat 169 Milliounen Euro a 17 Länner eng 90 Projeten

Roy Grotz
169 Milliounen Euro gëtt d'Lëtzebuerger Agence fir Entwécklungszesummenaarbecht a 17 Länner aus, wou dës Hëllef zejoert den Äermste vun den Aarmen am Kader vun engen 90 Projeten ze gutt kënnt.

D'Lëtzebuerger Agence fir Entwécklungszesummenaarbecht gëtt a 17 Länner 169 Milliounen Euro aus, fir an 90 Projeten den Äermsten op dëser Welt ze hëllefen. Et sinn eng 25 Millioune méi wéi nach 2024. Alles an allem schaffen iwwer 700 Leit fir LuxDev, déi meescht dovunner an de betraffene Länner an der Sahel-Regioun, Asien a Latäin- a Südamerika, wou d'Agence 9 regional Bureauen huet.

Am Niger, Senegal, dem Burkina Faso an dem Mali sinn d'Kooperatiouns-Programmer iwwerdeem op Enn zejoert no 4 Joerzéngte gestoppt ginn, well d'bilateral Hëllef mat dëse Länner net méi weidergefouert gouf. Eeng dës Projeten hu sech zejoert op de substantielle Chiffer vun 44 Millioune chiffréiert.

Déi meescht Suen, déi iwwer LuxDev transferéiert goufen, sinn iwwerdeen net an eent vun dëse Länner gefloss, mee mat knapp 31 Milliounen an d'Ukrain, wat deemno knapp e Fënneftel vun de globalen Ausgaben ausmécht.

Nei Projeten goufen iwwerdeem am Togo, dem Kambodscha an a Costa Rica lancéiert.

Liest HEI de ganze Rapport vu LuxDev.

Back to Top
CIM LOGO