De „Réseau Psy – Psyschesch Hëllef Dobaussen“ gëtt et zanter 30 Joer. D'Asbl bitt ambulant psychiatresch Betreiung un, Hëllef zum Beispill am Alldag.
D'Lydie Konsbrück ass Assistante Sociale a vun Ufank un derbäi. Am Süden an am Osten ass de Réseau Psy aktiv, offréiert Consultatiounen, Centre de jouren, superviséiert Wunnengen a bekëmmert sech och ëm psychesch krank Elteren, Leit, déi also Kanner un. Et geet net eleng ëm dat Medezinescht, mä och ëm dat Soziaalt. Leit sollen aus hirer Isolatioun geholl ginn.
An deenen 30 Joer huet sech vill verännert, vill verbessert, seet d'Lydie Konsbrück, mä nawell misst nach Munches geschéien. Wéi si an den 80er Joren ugefaang hunn, gouf, wann ee eppes iwwer Psychiatrie héieren huet, un Ettelbréck geduecht. Dat huet sech geännert, all Persoun geet fir d'éischt emol an e generellt Spidol an d'Psychiatrie.
Vill Chantiere bleiwen awer nach, zum Beispill wat déi superviséiert Wunnengen ugeet. De Logement ass souwisou e grousse Problem hei am Land. De Réseau Psy lount um ganz normale Marché Wunnengen a bekëmmert sech och ëm d'Leit, déi awer selwer de Loyer bezuelen.
Invitée vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war d'Lydie Konsbrück vum "Reseau Psy - Psyschesch Hëllef Dobaussen"
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren