Hir Aussoen hätte sech op d'Paräisser Plaz bezunn, net op d'Stad am Allgemengen. A si hätt effektiv drop higewisen, datt et awer ëmmer nach misst méi grouss Plaze ginn, fir Evenementer ze organiséieren. Dat wär och nach ëmmer wouer, ënnersträicht d’DP-Politikerin. Et kéint och guer net sinn, datt si géint Begréngung wär.
Begréngunskonzept soll an den nächsten Deeg virgestallt ginn
“Mir hunn nämlech virun zwee Joer ee Begréngungskonzept ausschaffe gelooss vun engem spezialiséierte Büro. Do krute mer éischt Analysen d’lescht Joer a mir kruten elo ufangs Juni den allgemenge Begréngungskonzept mat dem Aktiounsplang a mir wollten deen elo dës Woch virstellen.”
Fir d’Lydie Polfer gëtt et “keng Gemeng, déi méi een ëmpfangräicht Begréngungskonzept huet wéi d’Stad Lëtzebuerg.”
Doriwwer eraus hätt d'Stad am Klimapakt d'Goldzertifikatioun kritt. A vun den 30.000 Beem, déi sollen um Territoire vun der Stad bäikommen, wäre scho 14.000 geplanzt. Dat Wichtegst wär awer eben dat neit Begréngungskonzept mat sengem Aktiounsplang, seet d’Buergermeeschtesch. Dëst soll e Mëttwoch an der zoustänneger Kommissioun virgestallt ginn an duerno der Ëffentlechkeet.
“Lächerlech Klima-Adaptatiounen”
D'Klima-Upassunge wären ze laang verschleeft ginn, kritiséiert iwwerdeems déi gréng Gemengeconseillère Christa Brömmel. Schonn am Mäerz wär vun engem Vegetalisatiounskonzept geschwat ginn. Mëttlerweil wär et Enn Juni, déi éischt Canicule wär eriwwer an d’Leit hätte gelidden. Et bräicht ee Konkretes, wat och vun Ufank u mat ageplangt géif.
“Mir hunn an de leschte Jore jo awer och nei Plaze gemaach. D’Beispill vun der Ënneschtgaass, wou beim Casino nei gemaach gouf, dat ass jo awer lächerlech! Wierklech lächerlech, wat do u Klima-Adaptatioun gemaach gouf. Déi puer Beem, déi do an de Backe stinn, dat geet einfach net duer.
Vum Klimawandel wéisst ee schliisslech net réischt zanter dësem Joer, seet d’Christa Brömmel. Nieft de Klima-Upassunge misst och weiderhi massiv an de Klimaschutz investéiert ginn. Do fuerderen déi Stater gréng, datt d’Bautereglement adaptéiert gëtt, fir datt d’Leit net blockéiert sinn, wa se wéilte Wäermepompelen installéieren. “Well mir musse wierklech CO2 aspueren. Mir kënnen net just Klima-Adaptatioune maachen.”