Fréijoer 2019Mäerz an Abrëll ze waarm, Mee ze kal

RTL Lëtzebuerg
Am Éislek huet et net genuch gereent an am Guttland op Plazen ze vill.

De Mäerz an den Abrëll waren hei am Land iwwerduerchschnëttlech waarm an de Mee däitlech ze kill, wat ë.a. op der Musel zu Fraschtschied gefouert huet: Dat geet aus de Wiederopzeechnunge vun der Asta ervir.

Der Administration des Services Techniques de l'Agriculture no huet et och am Éislek net genuch gereent a gouf et e bëssen ze vill Reen am Süde vum Land.

Dës Feststellunge gëlle fir d'Period vum 1. Mäerz bis den 31. Mee.

PDF: Meteo-Bulletin vun der Asta iwwer de Fréiejoer 2019.

Back to Top
CIM LOGO